De Magazin TalkLeidenschaft "Speedcubing"

Kyra Feiereisen
De Carlo Glod an de Jacques Steichen weisen, wéi vill Geschéck a Schnellegkeet hannert "Speedcubing" stiechen.
Leidenschaft "Speedcubing"
Déi Zwee engagéiere sech bei Speedcubing Lëtzebuerg, enger Associatioun, déi sech ëm d’Organisatioun vu Competitiounen hei am Land këmmert.

E Rubik’s Cube léisen ass fir déi eng e Spill, fir déi aner eng richteg Leidenschaft.

"Méi einfach, wéi ee mengt"

Fir de Carlo Glod huet alles ganz klassesch ugefaangen: Säi Papp hat e Rubik’s Cube doheem stoen an esou huet hie seng Passioun entdeckt. Haut huet hien eng Sammlung vun iwwer 100 Wierfelen a Puzzelen a war esouguer bei Welt- an Europameeschterschaften dobäi. Wärend bei normale Competitiounen tëscht 30 an 100 Leit dobäi sinn, waren et bei der WM ronn 5.000 a bei der EM 1.200 Participanten. "Et ass scho faszinant, esou vill Leit ze gesinn.“

Och d'Cuben hu sech mat der Zäit weiderentwéckelt. Déi modern Modeller si vill méi séier an hunn zum Deel Magnéiter. Fir d'Speedcuber geet et virun allem ëm eng Saach: "Geet natierlech alles ëm Geschwindegkeet."

De Jacques Steichen ass duerch de Carlo op de Sport opmierksam ginn. Och hie krut d'Iddi mat engem Cube, deen doheem louch. No engem Tutorial huet hie séier gemierkt: "Et ass vill méi einfach, wéi ee mengt.“ Kuerz drop huet de Carlo hien op seng éischt Competitioun matgeholl.

De Carlo hëlt säi Cube mëttlerweil bal iwwerall mat, esouguer an de Fliger. "Et geet scho bëssen an den Extremsport eran", seet hien.

An der Sendung gouf et och e klengen Challenge: De Carlo huet probéiert, e Cube mat enger Aemask ze léisen. Fir de Jacques ass dat nach eng Erausfuerderung: "Ech kéint et léieren, mä et ass extrem ustrengend an et muss ee sech vill dobäi ustrengen.“ Fir vill Cuber ass d'Léise mat zouenen Aen den "Non plus ultra".

Déi Zwee engagéiere sech bei Speedcubing Lëtzebuerg, enger Associatioun, déi sech ëm d'Organisatioun vu Competitiounen hei am Land këmmert. De 7. an 8. November stinn déi national Meeschterschafte vum Cubing um Programm. Eng Geleeënheet, fir d'Speedcuber aus Lëtzebuerg live ze erliewen. Rendez-vous ass am Festsall vum Lycée Michel Rodange.

Weider Informatiounen iwwert den Event fannt Dir an dësem PDF.

PDF: National Meeschterschaften am Speedcubing - Den Detail vum Oflaf

Back to Top
CIM LOGO