Den US-Golfstar Tiger Woods war no engem Autosaccident an den USA wéinst Drogeverdacht festgeholl ginn. E puer Stonnen drop gouf hien awer nees fräi gelooss, dëst nodeems en eng Kautioun hannerluecht huet.
Nom Accident war en Alkoholstest negativ, mä hien hätt lethargesch gewierkt, wéi datt en “iergend e Medikament oder eng Drog” geholl hätt, huet et op enger Pressekonferenz vun engem Sheriff geheescht. En Urintest huet de Sportler refuséiert.
Den Tiger Woods gouf beim Accident net blesséiert, och wa säi Jeep beim Iwwerhuelen an der Kollisioun mat engem anere Gefier op d’Säit gekippt war. Hien huet misse fir op d’mannst 8 Stonnen am Prisong bleiwen, éier e géint Kautioun konnt fräi kommen.
Viru fënnef Joer war den Tiger Woods schonn emol an ee schroen Autosaccident involvéiert. Hie gouf beim Ongléck a Kalifornien schwéier um rietse Bee blesséiert. Hie gouf eng Rei kéieren operéiert a krut ënnert anerem eng Metallstëtz a säi Been. Och am Joer 2017 gouf et ee Virfall, wéinst deem hie festgeholl gouf, well hien am Verdacht stoung, voll gefuer ze sinn. Hien huet sech méi spéit schëlleg bekannt, récksiichtslos gefuer ze sinn.
An der Lescht hat et Gerüchter ginn iwwer e Comeback vum Woods.
No laanger Verletzungspaus hat de 50 Joer ale Golfer leschten Dënschdeg an der neier Indoor-Liga iwwerraschend e puer Schléi gemaach.