Aurora Borealis och iwwer LëtzebuergHeftege Sonnestuerm suergt fir spektakuläert Faarwespill um Himmel

RTL Lëtzebuerg
E sougenannte geomagnéitesche Sonnestuerm huet an der Nuecht op en Dënschdeg fir extra schéi Faarwen um Nuetshimmel gesuergt.
Esou huet den Himmer iwwer Nordrhein-Westfalen ausgesinn.
Esou huet den Himmel iwwer Nordrhein-Westfalen ausgesinn.
© SASCHA SCHUERMANN/AFP

A villen Deeler bei eisen däitschen Noperen huet den Himmel vum 19. op den 20. Januar geliicht. Mat net just do waren d’Polarliichter ze gesinn, dat flott Faarwespill, Aurora Borealis genannt, war souguer an den Alpen, a Polen an iwwer aneren Deeler vun Europa mat bloussem A ze gesinn.

D’Aurora stoung dobäi an der Mëtt vum Himmel, een Deel huet an engem kräftege Rout geliicht an direkt driwwer konnt een déi gréng Polarliichter beobachten, déi geschéngt hu wéi wa se danzen. Dës Momenter hu jeeweils véier bis fënnef Sekonne gedauert an dat Ganzt huet sech bal eng Stonn laang widderholl.

Ausléiser war en extreeme Sonnestuerm, wéi de Julien Laigle, e passionéierten Hobby-Astronom, eis erkläert huet.

Zu Lëtzebuerg huet den dichten Niwwel leider vill verstoppt, ma a méi héije Regiounen, wéi bei St. Vith zum Beispill, huet sech den Himmel méi kloer gewisen. Ob an de kommenden Nuechten nach eng Aurora ze gesi wäert sinn, bleift ongewëss.

Mir hu beim Meteorologist vu Meteolux, dem Luca Mathias, nogefrot, wat genee eng Aurora Borealis ass?

Eng Aurora Borealis entsteet doduercher, wann héich energeetesch Partikele vun der Sonnenuewerfläch an de Weltraum geschleidert ginn, eng sougenannte Sonneneruptioun, an dann dono op d’Magnéitfeld vun der Äerd treffen. Déi héich energesch Partikele reegen d’Loftmoleküllen an der Atmosphär un (Sauerstoff a Stéckstoff), wouduerch d’Faarwen um Himmel entstinn. An eise Regiounen ass dëst Phenomeen éischter seelen, vue dass och déi meteorologesch Conditioune matspille mussen, fir dass d’Polarliichter iwwerhaapt siichtbar sinn.

War dës Aurora tatsächlech méi staark wéi déi vum Mee 2024 – a kann een esou eppes moossen oder vergläichen?

De Sonnestuerm vun der leschter Nuecht hat e maximale KP-Index vun 8–9. Esou héich Wäerter sinn awer scho méi dacks virkomm. De Sonnestuerm vum Mee 2024 hat änlech héich KP-Wäerter, mä aner Parameteren, déi musse berécksiichtegt ginn, sinn net sou staark wéi am Mee 2024. De Stuerm 2024 gouf als G5 (‘extreme’) agestuuft, dee vun der leschter Nuecht als G4 (‘severe’).

Huet esou eng staark Aurora konkret Auswierkungen – zum Beispill op Satellitten, GPS oder aner Technologien?

Jee nodeem wéi staark d’Magnéitfeld vun der Äerd ofgeschwächt gëtt kann e Sonnestuerm en Impakt op Telekommunikatiounstechnologien a Stroumnetzwierker hunn. Dat kann zu Stéierungen oder Ausfäll féieren. De Québec-Blackout am Joer 1989 ass e klassescht Beispill.

Hutt Dir als Meteolux vill mat Space-Meteo ze dinn?

Bei Meteolux kritt ee sougenannte Space Weather Advisories fir déi kommerziell Fligerei. Dës Warnunge ginn a meteorologesche Fluchpläng weider un d’Pilote geleet.

Wéi laang am Viraus kann een esou ee Phenomen viraussoen? Kënne mir an den nächste Wochen oder Méint erëm mat sou staarken Aurorae rechnen?

Déi genee Intensitéit vun den Aurorae kann ee generell eréischt 30 bis 90 Minutten am Viraus aschätzen, wann déi gemoosse Sonnewand-Donnéeë vum Satellit zur Verfügung stinn. Datt e Sonnestuerm ënnerwee ass, dat gesäit ee meeschtens schonn ee bis dräi Deeg virdrun. Aktuell befanne mer eis an der aktiver Phas vum 25. Sonnenzyklus, déi nach dëst Joer unhale kéint. Et besteet also weiderhin d’Méiglechkeet vu méi staarke Sonnestierm.

Back to Top
CIM LOGO