Spende vu KiwanisHëllefsgidder a 3.264 Kierf mat Séissegkeete fir d’Kanner an der Ukrain

Julie Thilges
Vun Enn 2022 bis Enn 2024 goufe bei ongeféier 30 Liwwerungen iwwert 16.000 Kaddoe mat Séissegkeeten a Spillsaachen u Kanner an der Ukrain geschéckt.
Hëllefsgidder a 3.264 Kierf mat Séissegkeeten fir d’Kanner an der Ukrain
Vun Enn 2022 bis Enn 2024 goufe bei ongeféier 30 Liwwerungen iwwert 16.000 Kaddoe mat Séissegkeeten a Spillsaachen u Kanner an der Ukrain geschéckt.

Transportéiert goufe 46 Matrassen a Kichegeschier an engem Camion, an deem zweete Camion waren et haaptsächlech Kierf - am ganzen 3.264 - déi mat Séissegkeete gefëllt waren. De Bern Altmann vu Kiwanis huet den Transport koordinéiert, a krut och vun de Spende virdrun, bei deene verschidden Zorten Iesswuere verschéckt goufen, positive Feedback:

“Dat heescht ech kréie Fotoen, ech kréien och Videoen, dass mir och wierklech gesinn, dass et bei de Kanner ukënnt. Dat gesäit een dann och op de Videoen, dass déi Freed immens grouss ass. An da sinn d’Kanner ëmmer bei den Auto gelaf komm an do hu si gesot: ‘Ass och erëm Nutella dobäi?’ Dat ass wierklech en absolutte Must fir si.”

Eng international Zesummenaarbecht

Zesumme geschafft gëtt mat Nunucu, engem rumäneschen Transportdéngscht. Et sinn zwee Bridder, déi schonn zanter Joren dës Transporter maachen, an déi de Bernard Altmann konnt kenneléieren zu senger Zäit als Ambassadeur fir de Kiwanis Children’s Fund.

Wärend där Zäit hat hie mat der Schongfabrick Marelbo a Rumänien zesummegeschafft, déi fir dësen Transport den Tëschestopp sinn. En direkten Transport an d’Ukrain wier méi komplizéiert, dat wéinst der strenger Grenzkontroll. Dowéinst ginn d’Wueren dann a Camionnettë verdeelt, fir eriwwer an d’Ukrain, a ginn a verschiddene méi klengen Dierfer verdeelt:

“Dräi Camionen hate mir op Kyiv geschéckt, do hu mir och e Bréif kritt vum Buergermeeschter, fir Merci ze soen. Mee mir hunn eis gesot, zu Kyiv hunn d’Leit awer nach ëmmer aner Moyenen, fir Iesswueren oder fir Saachen ze kréien. Fir déi op den Dierfer ass dat net de Fall. An dofir hu mir eis e bësse fokusséiert elo op déi Dierfer, déi e bësse méi wäit ewech sinn, wou déi Moyenen net gi sinn.”

Aktuell géife manner Spenden era kommen ewéi viru fënnef Joer. Si wieren awer zouversiichtlech, dass si weider genuch Sue kréien. Enn dës Joers soll nämlech nach eng Kéier en Transport an d’Ukrain fueren. Dësen huet mat de Wuere ronn 50.000 Euro kascht, an d’Camione sinn ongeféier véier Deeg ënnerwee, bis se op hirem Zil ukommen. An de leschte Jore sinn 1.5 Milliounen an dës Spende gefloss.

Back to Top
CIM LOGO