16 Joer laang gesichtItalieenesch Police konnt Déif bei Olympesche Wanterspiller festhuelen

AFP, iwwersat vun RTL
E Mann aus der Slowakei war u sech an Italien gereest, well hien hei säi Land wollt ufeieren.
Den Déif aus der Slowakei war ni an der Arena ukomm, fir seng Nationalekipp am Äishockey unzefeieren.
© MATTIA MARTEGANI/NurPhoto via AFP

16 Joer laang huet déi italieenesch Police no engem Déif aus der Slowakei gesicht. Elo konnt hie bei den Olympesche Spiller zu Mailand festgeholl ginn. De 44 Joer ale Mann war an Italien gereest, fir säi Land bei de Competitioune vun den Olympesche Wanterspiller unzefeieren, mellt déi italieenesch Agence Ansa en Donneschdeg. D’Police war op hien Opmierksam gemaach ginn, wéi hie sech an enger Pensioun ugemellt huet.

Der italieenescher Agence no war de presuméierten Déif e Mëttwoch ënnerwee an d’Arena Santa Giulia zu Mailand, fir en Äishockeymatch vun der slowakescher Nationalekipp ze kucken, wéi hie vun der Police festgeholl gouf. D’Autoritéiten hunn hien doropshin an de Prisong vu San Vittore bruecht, wou hie wéinst diversen Delikter, déi nach op d’Joer 2010 zeréck ginn, elo méi wéi 11 Méint muss verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO