Dëst Konzept ass zemools fir Fräiberuffler, Startuppen oder Leit am Télétravail geduecht. Ee modernt Schaffëmfeld, dat och zu Lëtzebuerg ausgebaut gëtt. D’Fonction publique proposéiert hire Mataarbechter alternativ Schaffplazen am Land verdeelt. Mä ee Coworking-Space muss net nëmme Büroe sinn. Och Artiste fannen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi esou Méiglechkeeten.
Zanter 2024 kënnen d’Mataarbechter vum Staat op verschidde Coworking-Spacen zeréckgräifen. De Virdeel hei: dës Plaze sinn all no un de Grenzen. Schieren, Clierf a Beetebuerg. Et sinn also Alternativen, déi zemools fir d’Frontaliere praktesch kënne sinn.
“D’Frontalieren hunn ee gewëssene Contingent u Deeg, déi si dierfen am Télétravail an hirem Land ,wou si wunnen, schaffen. Wann dës bis opgebraucht sinn, sinn dës Mataarbechter awer frou, wa si awer net all Dag bis an d’Stad musse fueren. Dann kënne si hannert der Grenz opgefaange ginn, fir an de verschiddenen Espacë Coworking ze maachen,” erkläert de Jean-Paul Marc vun der Fonction Publique
Duerch dës Schaffplaze gewanne Frontalieren, wei de Johan Boucher mol gären 30 bis 50 Minutten, pro Trajet. Doduercher hu si méi Zäit fir hiert Privatliewen, seet de Grenzgänger.
Net nëmmen d’Fonction Publique bitt Haut Coworking-Space un. Och fir d’Artiste ginn et ëmmer méi Méiglechkeeten, sech een Atelier ze deelen. Esou och an der Stad am Design Hub.
De Coworking-Space an der Hollerecher Strooss ass an zwee Gebaier opgedeelt. “Enger Säit fënnt ee Schaffplaze fir Designer, déi éischter een Desk brauchen. Op der anerer Säit, d’Gebai B, ass éischter geduecht fir Artisten,déi Plaz brauchen, mol Kaméidi maache kënnen a sur Place schaffe mussen, erkläert d’Francine Lies vun der VDL. Och wann et vu baussen net esou ausgesäit, kann dës awer och als Coworking consideréiert ginn, well d’Designer verschidde Besoin hunn. Déi eng produzéiere selwer hir Saachen, aner benotze Computeren dofir. “Hei kommen dës zesummen an dofir ass Coworking de richtegen Term”, komplettéiert d’Francine Lies.
D’Kathlyn Wohl an de Jules Péan deele sech den Atelier am Gebai B. Blumme Studio a Skulpturen treffen hei openeen. Fir Kënschtler wier et immens wichteg, net isoléiert an engem Studio ze schaffen. “Et tauscht ee sech au, an et gëtt ee kreativ Iddien oder et schwätzt een einfach iwwert den Alldag.” Grad well si allen zwee een technescht Handwierk maachen, ass et flott, well si sech alignéieren, erkläert déi jonk Fleuristin Kathlyn Wohl.
Ufanks hunn d’Kathlyn an de Jules sech den Espace nëmme gedeelt, elo schaffe si souguer zesummen u vereenzelte Projeten. Am Design Hub ginn am Moment véier verschidde Locatairen, déi vu Blummenstudio iwwert Skulpteur bis zu Yogastudio vill verschidden artistesch Aspekter couvréieren. De Projet vun de Coworking-Space soll an den nächste Joren och nach weider ausgebaut ginn.