Menacë goufe schonn ausgeschwatWhatsApp behaapt, Russland wéilt App "komplett blockéieren"

AFP, iwwersat vun RTL
Der US-Messenger-App no wëll Russland domadder national Déngschter pushen, déi fir Moskau besser ze kontrolléiere sinn.
E User mécht en Update vu sengem Messenger.
© INDRANIL MUKHERJEE / AFP

E Mëttwoch huet d’US-Entreprise, déi wéi Facebook an Instagram zu der Meta-Grupp gehéiert, matgedeelt, datt Russland probéiert, fir d’Applikatioun “komplett ze blockéieren”. Dem US-Messenger-Déngscht no wier d’Zil vum Land, fir eng App, déi vum Staat kontrolléiert gëtt, doduerch ze pushen. Betraff wieren eng 100 Millioune User.

Moskau huet scho méi dacks probéiert, d’Populatioun dovunner ze iwwerzeegen, e russeschen Déngscht ze benotzen. Esou huet d’Land verschidden Internetplattforme viséiert, andeem een hinne gedreet huet, datt si däitlech méi lues just nach kéinten operéieren oder datt si komplett verbuede ginn, sollte si sech net un déi russesch Gesetzer halen. Dorënner fale Gesetzer, déi verlaangen, datt Donnéeë vu russesche User am Land selwer gespäichert ginn.

“Haut huet déi russesch Regierung probéiert, fir WhatsApp komplett ze blockéieren, fir esou d’User dozou ze bréngen, en nationalen Déngscht ze notzen”, huet WhatsApp op X geschriwwen. “Si probéieren iwwer 100 Millioune User vu privater a sécherer Kommunikatioun ze isoléieren, andeem si e Schratt zeréck musse goen an ofhängeg si vu manner sécheren Déngschter fir Leit a Russland”, esou d’US-Entreprise weider, déi awer och verséchert, fir alles ze maachen, datt Leit weider connectéiert sinn.

Vu Kritiker a Rechtsaktivisten heescht et, datt déi russesch Limitatiounen en transparente Versuch vum Kreml sinn, fir d’Kontroll an d’Surveillance vun der Internetnotzung a Russland ze verschäerfen.

Back to Top
CIM LOGO