88 Schüler mat dobäiEng Woch am Liewe vun engem EU-Parlamentarier

Fabienne Zwally
Aus aacht verschiddenen Europäesche Länner waren d'Kanner op de Kierchbierg komm, fir e Bléck hannert d'Kulisse vun den EU-Politiker ze geheien.
MEP-Schüler-EU-Parlament
Eng Woch am Liewe vun engem EU-Parlamentarier, déi Erfaarnung konnten 88 Schüler aus 8 EU-Memberlänner sammelen.

Den Oflaf beim EU-Parlament ass, dass fir d‘éischt an de verschiddene Kommissioune Gesetzesprojeten ausgeschafft ginn, ier se dann an enger vun den 12 Plenièren, déi et am Joer ginn, debattéiert ginn. Véier Deeg dauert eng Plenière am EU-Parlament zu Stroossbuerg an et ginn 20 verschidde Kommissiounen, déi bestëmmt Politikfelder, wéi Ëmwelt, Wirtschaft oder Aussepolitik ofdecken. An engem vun de Plenarsäll vun der europäescher Unioun hei uewen um Kierchbierg haten déi lescht Woch 88 Schüler a Schülerinnen aus aacht europäesche Länner d’Soen. Lëtzebuerg hat fir déi zweete Kéier bei engem Model European Parliament de Virsëtz an 19 Lëtzebuerger Schüler a Schülerinnen tëscht 15 an 19 Joer ware mat dobäi.

Hinnen un der Säit stoungen déi ganz Woch sechs Enseignanten aus dem Lycée Aline Mayrisch un der Säit. Si hu sech zanter engem gudden hallwe Joer ëm déi ganz Organisatioun gekëmmert: Si hunn d‘Säll reservéiert, hu Famillje gesicht, déi Schüler aus deenen anere Länner wärend der ganzer Woch bei sech ophuelen, an hunn natierlech och hir jonk Politiker op hir Roll am Parlament virbereet.

© Fabienne Zwally

Present bei der Oschlosssessioun war och déi lëtzebuergesch Europadeputéiert Tilly Metz. Si ënnersträicht, wéi wichteg et wier, déi jonk elo scho mat der EU-Politik a Kontakt ze bréngen a wéi schéin et och wier, souvill engagéiert Schüler hei kënnen ze gesinn. Déi Resolutiounen, déi si a verschiddenen Theemen ausgeschafft hunn, ginn dann och un d‘EU weidergeleet, fir hinnen en Denkustouss ze ginn.

Ee bis zwee Mol am Joer gëtt an Europa en MEP ofgehalen. Hei war deen elo fir déi westeuropäesch Länner. E Projet an d‘politesch Zukunft vun der Unioun, ma awer och an déi jonk Talenter vu muer.

Back to Top
CIM LOGO