Neie Rapport “Bee Secure Radar” weistZwanzeg Prozent vu Jonke fille sech duerch KI manner eleng

Marlène Clement
Tim Morizet
Direkt verschidde Sujete goufen an der Ëmfro vu Bee Secure ugeschwat.
Bee-Secure-Ëmfro zu Soziale Medien
Gutt iwwer d’Hallschent vun de Jonken tëschent 17 an 30 Joer am Grand-Duché hunn uginn, datt déi sozial Medien en negativen Impakt op hiert Wuelbefannen hunn.

Gutt iwwer Hallschent vun de Jonken tëschent 17 an 30 Joer am Grand-Duché hunn an enger rezenter Ëmfro vu Bee Secure uginn, datt déi sozial Medien en negativen Impakt op hiert Wuelbefannen hunn. Trotzdeem ass ronn een Drëttel vun de Befroten all Dag véier Stonnen oder méi op Social Media ënnerwee. Ënnert anerem déi Zuelen huet de Service national de la jeunesse en Dënschdeg de Moien am Kader vum Safer Internet Day virun der Press genannt.

KI als Kolleeg?

Anescht wier et bei der Kënschtlecher Intelligenz, präziséiert d’Christine Konsbrück vum Service National de la Jeunesse. Bei Froen zu der Online -Kommunikatioun an zu de KI -Chatbots, géingen déi Jonk soen, dass dat hinnen am Fong éischter gutt deet a se dat éischter als positiven Impakt op hiert Wuelbefanne géingen empfannen. Ronn 17 Prozent vun hinnen hunn uginn, datt se d’KI nach net benotzen. 19 Prozent benotze se eng Stonn oder méi pro Dag.

17 Prozent vun deene Jonke gesinn d’KI iwwerdeems als eng Aart Kolleeg un, zwanzeg Prozent fille sech doduerch manner eleng. Muss engem dat Suerge maachen? Dat misst ee relativiséieren, fënnt d’Debora Plein vu Bee Secure. Et géingen och aner Saache ginn, fir sech manner eleng ze fillen, zum Beispill d’Online-Spiller. Et wier awer definitiv eppes, wat ee nogefrot hätt am Rapport, well ee wéilt kucke wéi dat sech weiderentwéckelt.

Bee-Secure-Rapport / Reportage Marlène Clement

Desinformatioun eng vun den Haaptgeforen

Aus dem mëttlerweil fënnefte “BEE SECURE Radar"-Radar geet och ervir, datt Desinformatioun a Fakenews esouwuel vu Jonker selwer, ewéi vun Enseignanten an Elteren als eng vun den Haaptgefore gesi ginn am Zesummenhang mat der digitaler Welt.

Uriff op Helpline ginn d’Luucht

D’Bee-Secure-Helpline ass iwwerdeems zejoert mat iwwer 700 Uriff däitlech méi dacks an Usproch geholl gi wéi déi Jore virdrun. 2024 waren et Ronn 530 Uriff. An de meeschte Fäll goung et em Cyberkriminalitéit.

Bee Secure ass aktuell och op der Sich no sougenannten “Digital Ambassadors”, also Jonker, déi sollen aktiv mathëllefen déi digital Welt besser a méi sécher ze maachen. Den Opruff riicht sech u Jonker tëschent 14 a 24 Joer. Informatioune ginn et op der Websäit vu Bee Secure.

Back to Top
CIM LOGO