
1989 huet d’Léa Linster de Bocuse d’Or gewonnen, als éischt a bis haut eenzeg Fra weltwäit.
“No 1989, wéi ech säi Präis krut, war fir mech eng fantastesch Chance. Ech géif soen, déi beschte Chance iwwerhaapt, fir datt ech als Fra konnt eng wonnerbar Karriär maachen, als Kächin an als Restauratrice.“
De Bocuse d’Or, 1987 vum Paul Bocuse gegrënnt, gëllt als déi renomméiertst Kach-Kompetitioun op der Welt. Zu Lyon triede Käch aus aller Welt géinteneen un.
Fir d’Léa Linster war de Paul Bocuse net nëmmen eng Legend als Kach, mee och e Mënsch mat Charakter: “Hie war buedemstänneg, also net esou een High Flyer. En exzellente Kärel, mat engem ganz gudden Humor.“

Bal véier Joerzéngte laang hat hien dräi Michelin-Stären. Mee säin eigentleche Verdéngscht geet nach méi wäit. D’Léa Linster:
“Wéi hien e jonke Kach war, waren d’Käch zu Paräis nach am Sous-sol. D’Direkteren an d’Hotellen, dat waren d’Staren. Awer de Paul Bocuse huet fir d’Kachwelt gemaach, datt de Kach an der éischter Rei steet.“
Mat der “Nouvelle Cuisine” huet hien d’franséisch Gastronomie moderniséiert an hir weltwäit Renommée ginn.
Fir säin 100. Gebuertsdag huet d’Lëtzebuerger Kächin Blummen op d’Auberge Paul Bocuse geschéckt.
“Fir Merci ze soen, an éiweger Dankbarkeet, a vu ganzem Häerzen. Dat wäert ech ni vergiessen“, seet d’Léa Linster am Interview mat RTL.
Wéi de Paul Bocuse 2018 gestuerwen ass, huet si eng Japan-Rees ënnerbrach, fir op d’Begriefnis ze goen.
D’Bild vun “Dausende vu Käch an Uniform“ bleift fir si onvergiesslech.

Wann een 100 Joer no senger Gebuert op de Paul Bocuse zeréckkuckt, bleift virun allem eent: Hien huet der franséischer Kichen en internationale Glanz ginn an huet et fäerdeg bruecht, ëmmer nees Talenter ze fërderen.