"Vins & Crémants Luxembourg"Lëtzebuerg huet en eegene Pavillon op der Wine Paris

RTL Lëtzebuerg
Den Ausseminister an d'Landwirtschaftsministesch waren e Méindeg d'Foire besichen.

E Méindeg war de Xavier Bettel als Minister fir de Commerce extérieur zesumme mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op der berüümter Wäifoire zu Paräis. Lëtzebuerg huet en eegene Pavillon op der Wine Paris. En heescht “Vins & Crémants Luxembourg” an e gëtt vum Fonds de Solidarité Viticole koordinéiert. 13 Lëtzebuerger Wënzer sinn um Salon vertrueden. Et wär wichteg, de Lëtzebuerger Cremant grad ewéi de Wäin an d’international Vitrinn ze stellen, esou déi zwee Regierungsmemberen. D’Produiten hätte vill Potenzial och fir den Export. Alles an allem si 6.000 Exposanten op der Foire an der franséischer Haaptstad. Se geet nach bis e Mëttwoch.

Pressecommuniqué
Xavier Bettel et Martine Hansen au salon Wine Paris

Back to Top
CIM LOGO