Backstage bei de MedienhaiserKandidature fir "Media & Me 2026" sinn op

RTL Lëtzebuerg
Och dëst Joer kréien interesséiert Studenten d'Méiglechkeet, de Beräich vun de Medien an der Kommunikatioun méi no kennenzeléieren. Ënnerstëtzt gëtt de Projet wéi och d'Jore virdrun nees vun RTL.
© Landesmedienanstalt Saarland

18 Studenten am Alter tëschent 16 a 26 Joer kréien d’Méiglechkeet, Erfarungen an der Medielandschaft ze sammelen. Bis den 22. Mäerz muss ee seng Kandidatur bei der Landesmedienanstalt Saar (LMSaar) eraginn. Nieft dem CV an enger Lettre de motivation soll een och e kreative Bäitrag zu den Theeme “KI und Deepfakes - Suche nach der Wahrheit” oder “Die Grossregion - Was uns verbindet” erareechen, dat a Form vun engem Video, enger Audiodatei, engem Text, engem Fotoreportage oder engem Social-Media-Post. Méi Detailer zu de spezifeschen Ufuerderunge fir d’Kandidatur fannt Dir hei. Um Programm sti Visitte bei ënnerschiddleche Medienhaiser an Däitschland, Frankräich, an der Belsch an och an der RTL City hei um Kierchbierg.

Vill ënnerschiddlech Entreprisen an Institutiounen aus der Groussregioun, dorënner RTL Lëtzebuerg, d’ALIA, d’Lëtzebuerger Wort, de Radio 100,7 a Radio ARA / Graffiti ënnerstëtzen de Projet, dee wéi och d’Jore virdrun ënnert dem Patronage vum fréiere Chef-Spriecher vun der Tagesschau Jan Hofer steet.

Weider Detailer zu “Media & Me 2026" fannt Dir um Site vun der LMSaar.

Back to Top
CIM LOGO