
Strofdote mat K.O.-Drëpse lafen typescherweis esou of: Den Täter mécht an enger Bar oder eng anerer Plaz, wou vill Leit zesumme sinn a sech ameséieren (zum Beispill Concerten oder Festivallen), d'Chemikalie Gamma-Butyrolacton (GBL) an d'Glas vu sengem potentiellen Affer. Dacks gëtt dofir e Moment genotzt, wou d'Glas fir ee Moment onbewaacht enzwousch steet oder d'Persoun net oppasst. Et ass eng Saach vu just e puer Sekonnen. D'Drëpse suergen dofir, dass d'Affer fir d'éischt euphoresch, spéider dann awer ëmmer méi schléifreg gëtt. Dat kann esou wäit goen, dass d'Affer iergendwa vu sech ass.
Dësen Zoustand notzen den oder d'Täter aus, fir sexuell Handlungen un hiren Affer auszeféieren oder si ze beklauen. Ma och aus medezinescher Siicht, sinn d'Drëpsen net ganz ongeféierlech.. A Verbindung mat Alkohol oder aneren Rauschmëttel kënne grouss gesondheetlech Risiken optriede bis hin zur Doudesgefor. Wann d'Affer vu sech ass, besteet donieft d'Gefor z'erstécken, zum Beispill wann et sech an deem Zoustand iwwergëtt.
Bei eisen däitschen Nopere wëll een d'Strofe fir esou Verbriechen am Hibléck mat K.O.-Drëpse verschäerfen. Do riskéieren Täter an Zukunft bis zu fënnef Joer Prisong.
De Gros vun den Affer si Fraen. Dacks geschéien dës Sexualverbriechen dann och méi jonke Fraen. Grouss Opmierksamkeet hat jo de Fall vun der Franséisin Gisèle Pelicot kritt. Hire Mann hat si iwwer laang Joren ewech mat esou Drëpse gedéit, vergewaltegt an an Internetforen anere Männer fir sexuell Handlungen ugebueden.