
Kuerz virun der Finall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft huet de Generalsekretär vum Europarot Alain Berset de Futtballverband FIFA dozou opgefuerdert, de Sport an Zukunft viru politeschem a finanziellem Drock ze schützen. De Berset huet an enger Deklaratioun, déi e Sonndeg publizéiert gouf, besonnesch op déi rout Kaart vum US-Stiermer Folarin Balogun, déi no der Interventioun vum US-President Donald Trump beim FIFA-President Gianni Infantino zeréckgezu gouf, verwisen.
D'FIFA soll eng "drëtt Halbzeit" bis zu der nächster WM alauden an "dréngend doru schaffen, d'Integritéit vum Sport ze stäerken", déi duerch "Geld a Muecht" menacéiert wier, esou de Berset weider. Politeschen Afloss erstreckt sech "elo scho bis op d'Spillfeld", esou de Beset iwwer d'Interventioun vum Trump beim Infantino. "Wa sech Reegelen esou béie loossen, wéi een et wëll, ka all Resultat ugezweiwelt ginn." D'WM géif zwar "haut den Owend op en Enn kommen, Froe géifen awer bleiwen".
Nieft dësem Fall vun enger "ënner Drock ausgesater Sanktioun" wier dës WM an den USA, Mexiko a Kanada duerch "Afrostellunge vun der Autoritéit vun den Arbitter" gepräägt gewiescht, schreift hie weider. Kritik gouf et och un de "rassisteschen Aussoen" géint Spiller, déi zum Deel esouguer vu Politiker koumen. Datt een d'Méiglechkeeten, ze Wetten, och nach ausgebaut huet, huet dem "Bedruch all d'Dieren opgemaach".
An der WM-Finall treffen um 21 Auer eiser Zäit Spuenien an Argentinien am MetLife Stadium virun New York openeen. D'WM 2030 ass a Spuenien, Portugal a Marokko.
Den Europarot gehéieren 45 Memberstaaten un. Zanter 1949 passt dësen op d'Demokratie an d'Mënscherechter op dem Kontinent op.