No LongentransplantatiounNorwegesch Krounprinzessin Mette-Marit aus Spidol entlooss

AFP, iwwersat vun RTL
Dat nächst Hallef Joer sti fir d'Krounprinzessin Rehabilitatioun a medezinesch Kontroll um Programm.
D'Krounprinzessin Mette-Marit an de Krounprënz Haakon suivéieren de Match vun der norwegescher Nationalekipp géint Brasilien bei der Futtball-WM (5. Juni)
D'Krounprinzessin Mette-Marit an de Krounprënz Haakon suivéieren de Match vun der norwegescher Nationalekipp géint Brasilien bei der Futtball-WM (5. Juni)
© -/AFP

Déi norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit gouf no hirer Longentransplantatioun aus dem Spidol entlooss. Dat huet dat norwegescht Kinnekshaus en Dënschdeg matgedeelt. Och d'Rikshospitalet, an deem d'Krounprinzessin operéiert gouf, huet dëst confirméiert. Dem Chef vun der Pneumologie vum Spidol Are Holm no wier dem Mette-Marit hire gesondheetlechen Zoustand den Ëmstänn entspriechend gutt.

Déi 52 Joer al Krounprinzessin war 2018 mat enger pneumonaler Fibros diagnostizéiert ginn, enger Krankheet, déi uerg Otemprobleemer verursaacht. De 17. Juni krut si eng nei Long agesat.

An engem éischte Statement huet d'Mette-Maritt den Dokteren an dem Spender vun hirer neier Long Merci gesot.

Dat nächst Hallef Joer sti fir d'Krounprinzessin Rehabilitatioun a medezinesch Kontroll um Programm. Et misst een elo kontrolléieren, ob de Kierper dat neit Organ och unhëlt, sou den Are Holm. Wann d'Rehabilitatioun gutt verleeft, géif et ronn e Joer daueren, bis sech no der Transplantatioun eng Verbesserung vun de Symptomer géif bemierkbar maachen.

Back to Top
CIM LOGO