An der héich gesécherter Keess vun der Lëtzebuerger Zentralbank ginn Euroschäiner, déi schonn am Ëmlaf waren, mat spezielle Maschinnen authentifizéiert, gezielt a kontrolléiert. D'Maschinn verschafft bis zu 33 Schäiner an der Sekonn – dat entsprécht ronn enger hallwer Millioun Schäiner den Dag. Op Basis vu festgeluechte Krittären, déi am ganzen Euroraum identesch sinn, gëtt decidéiert, ob e Schäin zeréck an den Ëmlaf kënnt oder aussortéiert gëtt.
Am Espace Numismatique vun der BCL an der Stad kann een zerrappten oder beschiedegt Schäiner tauschen – e Mataarbechter erkläert, wat ee getosch kritt a wat net. Entscheedend ass, datt een op d'mannst nach d’Hallschent vum Billjee huet. Schäiner flécken, dat ass net méiglech. Och no engem Hausbrand oder Iwwerschwemmung kënnen nach Schäiner presentéiert ginn, mee d’Leit missten ëmmer erkläre kënne, wat genee geschitt ass, a bei méi groussen Zommen och soen, wou d’Suen hierkommen.
Den Nicolas Weber, Direkter vun der Lëtzebuerger Zentralbank, erkläert wéi a wou ee mam digitalen Euro bezuele wäert kënnen a wéi dës nei Form vu Bezuelen déi europäesch Onofhängegkeet stäerke soll.