D'Spillsaachen — kleng, mëll Figuren, déi ee ka knätschen an zerdrécken — tauchen a Millioune Videoen op Social Media op a ginn online fir allméiglech Präisser verkaaft. Mee genee dës TikTok-Hypes suergen am Ausland mëttlerweil och fir Warnungen an Diskussiounen iwwer méiglech Gesondheetsrisiken.
An Neiséiland an a Groussbritannien hu verschidde Verbraucherschutzorganisatioune viru méigleche Chemikalien am Material gewarnt. Deelweis goufen och Froen opgeworf, ob d'Produiten iwwerhaapt den europäesche Sécherheetsnormen entspriechen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell nach keng offiziell europäesch Warnung géint déi sougenannte "Squeezy Dumplings". D'ILNAS, also d'Surveillance du Marché, suivéiert d'Entwécklung awer genee.
"Aktuell gëtt et nach keng offiziell Safety-Gate-Warnung op europäeschem Niveau. Mee falls dat de Fall wäert sinn, wäerte mir eis natierlech organiséieren, fir esou séier wéi méiglech dorobber ze reagéieren", erkläert de Pascal Glangé vun der ILNAS.
De Problem geet awer wäit iwwer dës eenzel Spillsaach eraus. Op Plattformen ewéi TikTok, Snapchat oder Instagram ginn nei Trend-Spillsaachen haut bannent e puer Stonne viral. A mat der Popularitéit kënnt och eng Well u bëllege Kopien - dacks importéiert aus China - op de Marché.
Och am klassesche Spillgeschäft mierkt een ëmmer méi, wéi grouss den Afloss vu Social Media op d'Kafverhale vu Kanner ginn ass.
"D'Kanner kommen ëmmer méi dacks an de Buttek a froe geziilt no Saachen, déi si op TikTok oder anere soziale Reseaue gesinn hunn. Dat ass e Phenomeen, deen ëmmer méi grouss gëtt", seet de Lionel Loroy, Gerant vun engem Spillgeschäft an der Stad.
Besonnesch problematesch si vill vun deene Produiten, déi online zu Spottpräisser verkaf ginn. Experten no entspriechen net all dës Kopien den europäesche Sécherheetsreegelen.
"Et kann een net ëmmer déi selwecht Qualitéit garantéieren. Et ass méiglech, datt verschidde Produiten net no den europäesche sanitären Normen zertifizéiert sinn", esou de Lionel Loroy. Am klassesche Fachhandel géifen d'Produiten dogéint kontrolléiert ginn an iwwer offiziell Fournisseuren erakommen.
Dat ka virun allem fir méi kleng Kanner problematesch ginn. Si huelen Objeten nach dacks an de Mond oder kéinte kleng Stécker ofschlécken. Dobäi kënnt: bei ganz bëllege Produite bleift d'Originn vum Material heiansdo schwéier nozevollzéien.
Fir d'ILNAS ass genee dës Vitess vum Online-Maart déi grouss Erausfuerderung. Nei Trend-Produite kënnen haut bannent Deeg weltwäit verkaaft ginn — vill méi séier wéi Kontrollmechanisme reagéiere kënnen.
Dofir roden d'Autoritéiten Elteren, beim Kaf vu Spillsaache besonnesch opzepassen.
"Net ëmmer dat Bëllegst huelen. Et soll een a vertrauenswürdege Geschäfter kafen an op déi néideg Marquagen oppassen", erkläert de Pascal Glangé. Besonnesch wichteg wier de CE-Label, mee och d'Informatiounen iwwer de Produzent an den Importateur.
"D'Traçabilitéit vum Produit ass ganz wichteg", ënnersträicht d'ILNAS.
Ob "Squeezy Dumplings", Squishys oder déi nächst TikTok-Sensatioun: Experte roden Eltere virun allem, net just no Trend oder Präis ze kafen. Well grad bei Kannerspillsaache gëllt: och wann e Produit harmlos ausgesäit, ass en net automatesch sécher.