Souguer Starwars hat e Samschdeg de Mëtteg extra eng Delegatioun op Gonnereng geschéckt. Ëm 3 Auer gouf do an der Rue du Kiem déi drëtt Oplo vun der Seefekëschtecourse an der Gemeng Jonglënster gestart. Den Optakt war 2024 zu Lënster an der Rue de la Mairie, 2025 war een dunn an den Ënneschte Léi vun engem neie Lotissement am Zentrum vum Duerf geplënnert. Déi Kéier dann elo Gonnereng. Wat déi dräi Stroosse gemeinsam hunn? Se hunn all nawell eng zolidd Pente!
An ëm déi goung et, well Seefekëschte jo ouni Motor auskommen, musse se quasi vum selwe rullen – eemol ustousse beim Start ass natierlech erlaabt. An da geet et lass, am Ufank ganz lues an dann ëmmer méi séier, wat bei dacks selwer gebaute Renkele scho ka quokeleg ginn. Net ouni Grond louchen iwwerall Botten, fir en eventuelle Crash ofzefiederen. Zu uergen Accidenter koum et e Samschdeg awer net, och wann alt emol eng Këscht sech am Zilberäich op d'Säit geluecht huet ...
Ënnert den Aen a mat den Encouragementer vu Famill a Frënn a vu Lokalpolitiker a Starwars-Figuren hu 6 Piloten an eng Pilotin versicht, esou schëtzeg wéi méiglech d'Strooss erofzeditzen. Bei héijen Temperaturen, déi een an den enken, schéi dekoréierte Këschten a mat Helm um Kapp wuel nach méi konnt genéissen. No engem Testlaf an zwou Manchë gouf et um Enn dës Resultater:
Kategorie Kids
1. Plaz: Amaury Berger – 26,13 s
2. Plaz: Neckel Ries – 33,67 s
3. Plaz: Leonard Leder – 35,27 s
Kategorie Adultes
1. Plaz: Pit Schmit – 24,41 s
2. Plaz: Louis Berger – 26,30 s
3. Plaz: Tiago Vieira – 27,70 s
De Präis fir déi originellst Seefekëscht mam Numm "Restmüll-Rakete" goung un d'Angie Bisenius, déi eenzeg Pilotin, déi sech hannert d'Steier getraut hat.
Organiséiert gouf d'Course vun der Lënster Sport- a Jugendkommissioun, dat zesumme mat der Honnerter ASBL, der Maison Relais Päiperlek an dem Jugendhaus Jonglënster. Fir Animatioun op der Plaz vun der Präisiwwerreechung huet d'ASBL Tropperplay gesuergt.
2027 soll déi véiert Oplo vun der Seefekëschte-Kompetitioun sinn.