Dës Kéier kucke mer eriwwer a Frankräich, well do gëtt et den Ament vill Bëschbränn, déi duerch déi staark Dréchent an Hëtzt nëmme schwéier kontrolléiert kënne ginn. Och hei zu Lëtzebuerg war d’Hëtzt ëmmer erëm eng Diskussioun, a bei der Stad Lëtzebuerg gëtt un enger Begréngung vun der Stad geschafft.
Vun e Méindeg u komme jo och déi nei Mënze mam Portrait vum Grand-Duc Guillaume lues a lues an den Ëmlaf, an da war d’lescht Woch nach de Six Seven Day um Knuedler. Vill Jonker wësse vläicht schonn, vu wou deen Trend kënnt, erklären et awer fir déi, déi et vläicht nach net wëssen.
An am Reportage duerno geet et ëm d’Eloisa, dat mat nëmmen 11 Joer an der Philharmonie op der Bün stoung fir e virtuose Geie-Solo, deen hatt fir Nationalfeierdag gespillt huet. Mir hunn déi jonk Musekerin getraff an d'Eloisa huet eis verroden, wéi dat fir hatt war, wéi vill hatt prouft a firwat hatt am Léifste Gei spillt. Am Reportage léiere mir d’Eloisa awer nach besser kennen, a gesinn hatt mat senger Museker-Famill an och bei aneren Hobbyen.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d'Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.