Bei engem Concert vum US-Museker Pitbull am Hyde Park zu London hunn e Freideg am Ganzen 22.141 vun de ronn 70.000 Visiteure falsch Glatzen aus Latex ugehat an domat een neie Rekord opgestallt. Vill vun de Leit hunn dem Rapper mat däischtere Pilote-Sonnebrëller, opgepechte Bäert, Kostümer an nach anere Kennzeechen nogemaach.
De 45 Joer ale Museker huet senge Fans Merci gesot, datt si bei sengem Concert am Kader vum Festival "British Summer Time" trotz den Temperaturen ëm déi 30 Grad Celsius de Rekord opgestallt hunn. Op der Bün gouf de Rekord vum Will Munford vum Guiness-Buch confirméiert.
An deene leschte Joer huet sech ënnert de Pitbull-Fans den Trend entwéckelt, sech bei Concerte vum Rapper wéi hiert Idol unzedoen. Elo gouf den Trend mam Rekord op d'Spëtzt bruecht. Den US-kubanesche Rapper ass mat Lidder wéi "Give Me Everything", "Timber" oder "Hotel Room Service" an den 2000er an 2010er Jore bekannt ginn.