An de Kannaniuuss dës Woch gëtt et nees spannend! Mir kucken eis déi ganz beléifte "Squeezy Toys" un, déi duerch TikTok, Snapchat an Instagram bemol iwwerall opdauchen. Mee opgepasst: verschidde Kopie-Spillsaache kënnen esouguer geféierlech Chemikalien enthalen. Mir kucken eis déi Spillsaache méi genau un a ginn e puer Tipps, wourop ee muss beim kafen oppassen.
Da geet et an de Venezuela, wou no engem staarken Äerdbiewen nach ëmmer no Vermësste gesicht gëtt. A mir erklären och ganz einfach, wéi esou en Äerdbiewen eigentlech entsteet.
An zum Schluss: e Bier am Auto! An den USA huet e Mann net schlecht gestaunt, wéi op eemol e schwaarze Bier op sengem Chaufferssëtz souz. Am Reportage ware mer an en zweet Schouljoer vun der International School um Lampertsbierg. D'Kanner hunn do zesumme mat hirer Léierin e Buch iwwer Igele gelies. Si ware ganz begeeschtert vun deem Déier a wollte méi doriwwer gewuer ginn. Dobäi hu si awer och geléiert, datt den Igel a Gefor ass auszestierwen. Fir d'Kanner war séier kloer: do muss ee méi maache fir dem Igel ze hëllefen. Si hu sech dofir intensiv informéiert, wat een am Alldag maache kann, fir d'Déier ze schützen, an hu souguer Bréiwer un RTL an un den Ëmweltminister geschriwwen.
Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen