
D'Medie kréie jo heiansdo reprochéiert, se géifen ze vill schlecht Nouvellë bréngen. Hei dofir ganz bewosst eng flott Neiegkeet, fir gutt an de Weekend ze starten.
Mëtt Juni hat et op enger Jongentoilette an der Lënster Schoul gebrannt. Och wann d'Feier ganz limitéiert war, esou ass awer Schued an Héicht vu ronn 350.000 Euro entstanen, dat sot allemol de Buergermeeschter Ben Ries Enn Juni am RTL-Interview.
Besonnesch den Damp hat eng ganz Partie Saache kontaminéiert, esou datt d'Santé recommandéiert hat, alles ewechzegeheien, wat net méi ganz propper ze kréie wier. Nieft Kleeder, Schong a Schoulsäck huet dozou och de Panini-Album vun engem Schüler gehéiert, dee sech doriwwer beim RTL-Journalist Bakir Demic, deen den Dag nom Feier op der Plaz war, beklot hat.
Wéi se dat am Artikel op RTL.lu gelies hat, huet eng Fra proposéiert, en Opruff ze maachen ... Op Nofro gouf RTL du gewuer, datt net een, mee datt 15 Albumen zerstéiert goufen, a wéi weeder Gemeng nach Schoul dunn e Problem mat enger klenger Hëllefsaktioun haten, gouf den Opruff op RTL an och an de soziale Medie lancéiert – mat Succès, wéi mer e Freideg gewuer goufen.
An de leschten Deeg ass nämlech eng ganz Maandel Enveloppen zu Lënster an der Schoul ukomm a wat do alles dra war, dat beschreift en Enseignant esou: "Et waren och vill léif a perséinlech Messagen dobäi, ee ganz gefëllten Album, een hallef gefëllten, 7 eidel Albumer a souguer Stickeren nach agepaakt. Et ass gaang vun enger Enveloppe mat engem Sticker bis Enveloppë mat iwwer honnert Stickeren."
D'Hëllefsbereetschaft vun de Leit wier einfach "super léif" a vun e Méindeg u kéimen déi concernéiert Kanner hir Stickeren an Albume sichen: "Si freeën sech dorop! Villmools Merci 🙏 un all déi léif Spender an och un RTL, fir dass dës Aktioun iwwerhaapt zustane komm ass."
Mir hunn och bei der Santé nogefrot, wéi esou Fäll gereegelt sinn, a kruten dës Äntwert: "D‘Gesondheetsdirektioun huet am Fall vum Brand an der Schoul zu Jonglënster eng 'recommandation forte' erausginn, fir dës Géigestänn ze zerstéieren. Dës Recommandatioun baséiert op enger Evaluatioun vun de méigleche Gesondheetsrisiken. Nom Brand stelle Géigestänn, déi Damp a Feier ausgesat waren an déi net zouverlässeg vun toxesche Produiten dekontaminéiert kënne ginn, eng Gefor fir d'Gesondheet duer, besonnesch fir Kanner."
Et goung also ëm eng Recommandatioun. Wann een insistéiert hätt, hätt ee säin Eegentum – trotz potenzieller Kontaminatioun – och kënnen zeréckfroen. Och dat krut RTL op Nofro confirméiert.
Direkt den Dag nom Feier hat d'Santé hir Demarche RTL géintiwwer am Detail erkläert an och duergeluecht, firwat ee wéi eng Mesüre géif huelen.
Wien de Schüler a Schülerinne vu Lënster nach mat WM-Abzebiller vu Panini wëllt hëllefen, well en duebeler huet oder seng net méi brauch, dee kann dat nach ëmmer maachen, andeems e se per Post op Lënster an d'Schoul schéckt. Hei ass d'Adress:
Lënster Schoul
20-22, rue du Village
L-6140 Junglinster
Am beschten net ze laang waarden, well d'Schouljoer ass jo geschwënn eriwwer (15. Juli). E Freideg, den 10. Juni plangt d'Schoul och eng Tauschbourse.
Bei Froen: RTL steet a Kontakt mat der Lënster Schoul, zéckt dofir net, fir eis iwwer eise Kontakt-Formulaire ze kontaktéieren.