Digital BDen an en Online-SpillProjet "Leonora" soll Jugendlecher fir Online-Risike sensibiliséieren

Chris Meisch
Sozial Medien, Online-Spiller, Chatgruppen a Streaming-Plattforme gehéieren haut zum Alldag vu bal all Jonken. Dobäi ginn all Dag perséinlech Donnéeë gedeelt, Biller verschéckt an Informatiounen ausgetosch.
© Chris Meisch

Dacks ginn Informatioune bewosst gedeelt, dacks ass et awer och esou, dass vill Jonker sech guer net bewosst sinn, wéi vill Informatiounen si dobäi iwwer sech verroden, wéi dës Donnéeë weiderveraarbecht ginn oder wien am Endeffekt Zougrëff dorop huet. Mam neie Projet "Leonora", deen e Freideg vum CNPD, der Commission nationale pour la protection des données, offiziell lancéiert gouf, solle Jugendlecher tëscht 12 a 16 Joer op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op dës Risike sensibiliséiert ginn a léieren, wéi ee sécher an der digitaler Welt ënnerwee ass.

De Projet Leonora / Rep. Chris Meisch

Leonora ass dobäi vill méi ewéi eng klassesch Sensibiliséierungscampagne. Amplaz op Broschüren oder traditionellt Léiermaterial ze setzen, gouf eng digital Plattform entwéckelt, déi Jugendlecher soll do ofhuelen, wou si sech am digitalen Alldag beweegen. De Projet besteet aus verschiddenen interaktive Bestanddeeler, dorënner Webtoons — also digitalen BDen —, enger Léierplattform, engem digitale Spill an engem analoge Kaartespill. Duerch dës spilleresch Approche solle Jugendlecher sech mat Themen ewéi Dateschutz, Privatsphär, sozial Medien, Online-Risiken an digitale Rechter auserneesetzen. D'Zil ass et, si fir d'Geforen am Internet ze sensibiliséieren, hiert Verständnis am Ëmgang mat perséinlechen Donnéeën ze stäerken an hinnen déi néideg Kompetenzen ze vermëttelen, fir sech bewosst, sécher a verantwortungsvoll an der digitaler Welt ze beweegen, wéi de Jérôme Commodi vum CNPD, de Chef vum Projet, erkläert.

"La génération d’aujourd’hui grandit avec un téléphone portable dans leurs mains, et leurs parents, les enseignants ne comprennent pas ce qu’il se passe. Donc l’objectif c’est vraiment de donner aux ados les outils qui vont leur permettre maintenant de contrôler leur vie privée, de bien comprendre les réseaux sociaux, pour être maître du jeu."

Besonnesch ass och d'Aart a Weis, wéi de Projet entwéckelt gouf. Amplaz d'Instrumenter exklusiv vu Spezialisten entwéckelen ze loossen, goufen am Ganzen 350 Jugendlecher aktiv an de Prozess agebonnen. An enger éischter Phase goufen iwwer Méint Questionnairen an Diskussiounsronnen organiséiert. Dobäi wollten déi Verantwortlech erausfannen, wat Jonker wierklech beschäftegt, wéi si sozial Medien notzen a wéi eng negativ oder positiv Erfarungen si am Internet maachen.

"Les jeunes ont, dans un premier temps, exprimé avec vraiment enthousiasme leur vie sur les réseaux sociaux, ça a été la première phase. Dans une seconde phase, d’autres jeunes ou parfois les mêmes, ont pu donner leur feedback sur les personnages. Est-ce que je me reconnais dans ces personnages dans cette bande dessinée? Est-ce que le langage me parle? Est-ce que Lucien Czuga a bien capté le langage et le code des ados? C'était le cas, donc on a lu, ils ont donné des feedback, on a intégré les textes, les scénarios aux images, et ils ont pu donner des retours sur les Webtoons."

Dëse participative Prozess soll garantéieren, datt de Contenu net laanscht d’Liewensrealitéit vun de Jugendleche geet. D’Geschichte gräifen dofir Situatiounen a Problemer op, mat deenen déi Jonk am Alldag konfrontéiert sinn, esou datt si sech an de Personnagen erëmfannen an sech direkt ugeschwat fillen. An deene villen Diskussiounsronnen ass och séier däitlech ginn, mat wéi enge Problemer Jonker haut am Internet konfrontéiert sinn. Nieft klassesche Froen zum Dateschutz sinn Themen ewéi Cybermobbing, Suchtverhalen op sozialen Netzwierker, Grooming, Sexting oder och de Kontakt mat onpassendem Contenue ëmmer nees opkomm, esou de Jeff Kauffmann, Chargé de projet bei BeeSecure.

"An domadder verbonnen och de Cybercrime. Cybercrime a Form vun zum Beispill intimen Inhalter, déi ech an engem klenge Krees gedeelt hunn, wann déi den Tour maachen an engem méi grousse Krees. Dat ass eng Form vu Cybergewalt, an doriwwer maache sech Jonker Suergen, well si déi Saachen och an hirem Alldag matkréien. Mir hunn och vill Jonker, déi sech bei eis mëllen, an effektiv an esou Situatioune sinn, wou eng Foto, déi an engem enke Krees gedeelt ginn ass, den Tour mécht an da gi si mat där Foto erpresst. Dat héiere mir och aus Schoulen, dass et do zu Mobbingfäll kënnt. Dat heescht Thema Dateschutz ass wierklech wichteg fir déi Jonk."

D'Plattform an déi verschidde Léierinstrumenter kënnen dobäi direkt am Schoulalldag agesat ginn an déngen dem Léierpersonal als Ënnerstëtzung bei der Vermëttlung vun digitale Kompetenzen.

An enger Welt, an där d'Grenz tëscht digitalem a reellem Liewen ëmmer méi verschwënnt, wëll Leonora virun allem ee Message vermëttelen: Digital Kompetenze sinn haut eng Grondviraussetzung, fir sech sécher an informéiert duerch den Alldag ze beweegen. Gläichzäiteg sollen d'Jugendlecher verstoen, datt perséinlech Donnéeën eng wäertvoll Ressource sinn an datt vill digital Servicer zwar op den éischte Bléck gratis schéngen, hir Notzung awer dacks mat den eegenen Donnéeë bezuelt gëtt.

Déi digital BDe vum Leonora goufen an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Kënschtler Marc Jost a Lucien Czuga entwéckelt. Wärend de Marc Jost fir d'Illustratioune verantwortlech war, huet de Lucien Czuga, bekannt als Auteur vum Superjhemp, d'Geschichte vum Leonora-Universum geschriwwen.

De Site vum Projet Leonora fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO