Ära geet op en EnnSony stellt Verkaf vu Roboter-Hond "Aibo" a Japan an

RTL mat AFP
Fir vill Fans vum Roboter-Hond Aibo geet eng Ära op en Enn. A Japan stellt Sony de Verkaf vum interaktiven Hond an.
Technesche Support, Ersatzdeeler an d'Cloud-Servicer, iwwer déi d'Erënnerunge vum Roboter gespäichert ginn, wäerte weider disponibel bleiwen.
© KAZUHIRO NOGI/AFP

Sony huet en Donneschdeg annoncéiert, datt de Verkaf vu sengem Roboter-Hond Aibo a Japan agestallt gëtt. Aacht Joer no der Aféierung vum aktuelle Modell geet domat fir vill Fans vum interaktive Roboter eng Ära op en Enn.

Den 30 Zentimeter grousse Modell ERS-1000 koum 2018 op de Marché a war direkt e Succès. An den éischte sechs Méint waren 20.000 Exemplairë verkaaft ginn.

De Roboter-Hond kann eng eege "Perséinlechkeet" entwéckelen, Tricker maachen, mat der Patt wénken a säi Besëtzer imitéieren. Mat beweeglechen Oueren, Aen, déi verschidden Emotioune kënne weisen, souwéi enger Kamera an der Nues huet den Aibo vill Keefer begeeschtert.

Gläichzäiteg war den ERS-1000 och de Comeback vum Roboter-Hond. Déi éischt Generatioun vum Aibo war schonn 1999 op de Marché komm. Iwwer d'Jore koumen eng Rei weider Modeller dobäi, mat am Ganze méi wéi 150.000 verkaafte Roboteren.

2006 hat Sony d'Produktioun awer agestallt. De Konzern hat deemools mat wirtschaftleche Schwieregkeeten ze kämpfen an den Aibo als Luxusproduit ugesinn.

No der aktueller Ukënnegung gëtt den ERS-1000 a Japan nëmmen nach soulaang verkaaft, wéi nach Exemplairen op Lager sinn. Technesche Support, Ersatzdeeler an d'Cloud-Servicer, iwwer déi d'Erënnerunge vum Roboter gespäichert ginn, bleiwen awer weider disponibel.

Op Nofro vun der AFP huet Sony sech net dozou geäussert, ob eng nei Generatioun vum Aibo geplangt ass oder wéi et mam Verkaf an den USA weidergeet. Do kascht de Roboter-Hond méi wéi 3.000 US-Dollar.

Back to Top
CIM LOGO