D'Abtei Iechternach gouf am Joer 698 vum hellege Willibrord gegrënnt a gouf 1797 opgeléist. Déi Gebaier, déi haut nach bestinn, stamen aus dem Joer 1727. Am Keller vun der Abtei ass zanter 1987 den Abteimusee ënnerbruecht, an do hat et eise Fotograf e Freideg de Moien och higezunn, nodeems mer drop higewise goufen, dass et do schéi kill wier.

Am Musée kritt een en Iwwerbléck iwwer wichteg Deeler vun der Geschicht vun Iechternach, wéi eng grouss réimesch Villa, Kopië vu Schrëften aus dem Klouschter, d'Liewen an d'Veréierung vum hellege Willibrord, souwéi archeologesch Iwwerreschter.

Wéi mer vun de Responsabelen op der Plaz matgedeelt kruten, kommen dëser Deeg och ëmmer nees Schoulklassen dohinner, déi sech sécherlech net beschwéieren, dass d'Klima hei méi angeneem ass wéi an hirem Klassesall.
Tëscht 15 an 18 Grad sinn et normalerweis iwwert d'Joer. Elo kënnen et och emol 2-3 Grad méi sinn, ma am Verglach mat dobaussen ass et richteg angeneem, wat och eise Fotograf bestätegt huet. De Musée ass am Keller, hannert décke Maueren, an am Asaz ass och nach eng al Klimaanlag aus de 70er Joren, déi awer nach ëmmer hiren Déngscht leescht.

Wien sech also iwwert d'Geschicht vun der Abteistad informéiere wëll, sollt an dësen hëtzegen Zäite profitéieren, fir emol bis dohinner luussen ze goen.
D'Ëffnungszäite si vun 10 bis 12 a vu 14 bis 17 Auer. Vum 1. Juli un ass dann ouni Paus vun 10 bis 17 Auer op.
Méi Informatioune ginn et op abteimuseum.org.
