
De Skelett vun engem Tyrannosaurus Rex mam Numm "Gus" ass en Dënschdeg am Auktiounshaus Sotheby's zu New York fir 50,1 Milliounen Dollar - ëmgerechent bal 44 Milliounen Dollar - verkaaft ginn. Domat ass en de wäertvollsten Dinosaurier-Fossil dee jee zur Auktioun stoung. Ronn 10 Minutten hate sech siwen Interessente géigesäiteg iwwerbueden, ier déi final Zomm erreecht gouf.
Den "Gus" ass ee vun de komplettsten T-Rex-Skeletter op der Welt, mat 183 fossiliséierte Schanken. En ass zu ronn 63 Prozent komplett. Hie gouf 2021 op enger Rëndsfarm am US-Bundesstaat South Dakota entdeckt.
D'Déier, deem de Skelett gehéiert huet, huet virun 72 bis 66 Millioune Jore gelieft, an enger Period, déi vun engem waarme Klima, engem héije Mieresstand a grousse Küstegebidder bestanen huet, déi ëmmer nees iwwerschwemmt goufen. D'Skelett ass 11,6 Meter laang, wat de "Gus" och zu engem vun de gréissten T-Rexe mécht, déi jee entdeckt goufen.
"D'Vereenegt Staate sinn dat eenzegt Land op der Welt, wou Fossilie wéi dësen als Privatbesëtz ugesi ginn", esou d'Cassandra Hatton virun der Auktioun. Si leet den Departement vun de Sciencen an der Naturgeschicht bei Sotheby's. "Wann dir den Terrain gehéiert, gehéiert dir de Fossil an du hues d'Recht, en ze verkafen. Wann s du also een Dinosaurier wëlls, ka kann s du e just hei kréien."
Virum "Gus" huet de Stegosaurus "Apex" de Rekord fir den deierste Fossil gehalen. Hie war 2024 fir ëmgerechent knapps iwwer 39 Milliounen Euro un den US-amerikanesche Multi-Milliardär an Hedgefonds-Manager Ken Griffin verkaaft ginn.