
Jodelen ass zwar och Brauch a Bayern an Éisträich, ma just d’Schwäiz huet d’Demande gemaach, op der Unesco-Lëscht opgeholl ze ginn. Am Land ginn et méi wéi 12.000 Jodler, déi an insgesamt 711 Gruppe vum Jodlerverband organiséiert sinn. Den “emblematesche Gesang vun der Schwäiz gëtt och baussent Chéier a Veräiner gefleegt, sou d’Bundesamt fir Kultur. Gejodelt gëtt bei Concerten, Fester a Concoursen, déi och a Verbindung mat der Traditioun stinn.
Ënner Jodelen versteet een eng Aart ze sangen, déi aus Silben ouni inhaltlech Bedeitung besteet an tëscht Broscht- a Kappstëmm wiesselt. Ënnerscheet gëtt dobäi tëscht textuellem Jodelen oder deem ouni Wierder a Jodel-Lidder mat Strophen an engem gejodelte Refrain. Hierten an den Alpe sollen d’Jodelen erfonnt hunn. De geneeën Ursprong wier awer onkloer, sou de Julien Vuilleumier, Beroder vum Schwäizer Kulturministère. D’Jodelen, sou wéi mir et haut kennen, huet sech am 19. an 20. Joerhonnert entwéckelt an ass a Vollekslidder agefloss.
Op der Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe stinn allerdéngs nach zwee Jodel-Bäitrag, een aus Simbabwe, deen aneren aus Georgien. Ma och a Skandinavien souwéi an der US-Countrymusek gëtt gejodelt. E Mëttwoch hat d’Unesco ënner anerem nach d’italieenesch Kachkonscht, d’hinduistescht Liichterfest Diwali an d’Son-Musek aus Kuba zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet erkläert.