D'Belsch Küst ass zënter Jorzéngte bei de Lëtzebuerger beléift. Nieft Plagen, Promenaden a kulinaresche Spezialitéiten ass et virun allem eng Traditioun, déi zu Oostduinkerke erausstécht: d'Fësche vu groe Krevette vum Päerd.
Dës aussergewéinlech Form vun der Fëscherei gëtt et haut bal néierens méi op der Welt a si steet zënter 2013 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen. Zu Oostduinkerke zéien d'Fëscher mat hire Päerd duerch d'Mier a fänken op traditionell Aart a Weis Krevetten. Fir déi meescht Bedeelegt ass et haut kee Beruff méi, mee eng Passioun. "C'est un héritage déjà depuis plus de cinq siècles", erkläert eis de Guide Jean Decoene am RTL-Interview. D'Traditioun gëtt haut virun allem erhalen, fir déi lokal Geschicht a Kultur un déi nächst Generatioune weiderzeginn. Vill Leit weise sech beandrockt dovun, datt dës Traditioun nach ëmmer gelieft gëtt.
Dës eenzegaarteg Traditioun ass haut e wichtege Bestanddeel vum Tourismus op der Belscher Küst. Nieft de Virféierunge kënnen Interesséiert am Navigo-Musée méi iwwer d'Geschicht vun der Fëscherei an d'Liewe vun de Fëscher gewuer ginn. D'Gemeng Koksijde organiséiert ausserdeem all Joer Fester a Manifestatioune ronderëm dëst kulturellt Ierwen. Enn Juni feiere si och d’Fête de la crevette.
Fir vill Lëtzebuerger bleift d'Belsch Küst eng populär Destinatioun. Der Tourismusagence Westtoer no waren 2024 méi wéi 30.000 Lëtzebuerger op der der Belscher Côte ënnerwee. Dat sinn iwwer 140.000 Iwwernuechtungen. Nieft der kuerzer Distanz schätze vill Visiteuren d'Sécherheet vun hirer Vakanz, déi fir d'Leit an dësen ongewëssen Zäiten net onwichteg ass. Déi 67 Kilometer laang Küst bitt dobäi vill verschidde Facetten.