Vum Eiffeltuerm bis bei d'Gëlle Fra si si bannent 10 Deeg tëscht 25 an 30 Kilometer getrëppelt – a mat hirer Leeschtung hu si gläichzäiteg Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt.
Den 13. Juni si béid Frënn zu Paräis lassgaangen, mat engem Zil virun Aen: eng Verbindung tëscht dem Eiffeltuerm an der Gëlle Fra ze schafen an dobäi Lëtzebuerg ze representéieren. Einfach war de Wee awer net, wärend der Zäit wou si ënnerwee waren, hat sech nämlech eng Hëtztwell breet gemaach. Fir der Hëtzt aus dem Wee ze goen, hu si hiren Zäitplang missen upassen a sinn dacks schonn an de fréie Moiesstonne lassgaangen. "D'Hëtzt war wierklech komplizéiert. Aacht bis néng Stonnen den Dag ënnert 36 Grad ze trëppelen, dat war eng richteg Erausfuerderung!" seet den Ilan.
D'Rees gouf iwwerdeems live op YouTube an Twitch iwwerdroen. Mat enger Kamera equipéiert, konnten d'Spectateuren den Challenge quasi Schrëtt fir Schrëtt materliewen. Gläichzäiteg gouf iwwer e QR-Code zu Spende fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner opgeruff, sou sinn du 6.400 Euro zesummekomm.
Fir datt d'Leit méi spenden, hu si sech och verschidde Missioune gestallt. Mat all weiderem Donsbetrag goufen d'Defie méi aussergewéinlech – vun de Been zesummepechen iwwer eng hallef Baart-Rasur bis hin zu engem Fallschiermsprong, deen nach nogeholl gëtt.
No hirer Arrivée zu Lëtzebuerg goufen déi zwee net nëmme vu Famill, Frënn a Supporteren empfaangen. Als Ofschloss vun hirem aussergewéinleche Projet stoung och nach eng Audienz beim Grand-Duc um Programm. Fir de Keyvan an den Ilan steet fest: Dës Wanderung bleift eng eemoleg Erfarung – och wa si sech eng nei sportlech Erausfuerderung fir d'Zukunft gutt kënne virstellen.