Eng Drëps Flëssegkeet amplaz Brëll oder Kontaktlënsen

Dës nei israelesch Erfindung kéint eng intressant Léisung sinn, fir all déi Leit, déi Problemer mat den Aen hunn.
Israelesch Aendoktere vum medezineschen Zentrum Shaare Zedeks hu mat Fuerscher vum nanotechnologeschen Institut vun der Bar-Ilan Universitéit zesummegeschafft an Drëpse fir Leit erfonnt, déi kuerz- oder wäitsiichteg sinn. Dës Flëssegkeet kéint d'Siicht däitlech verbesseren.
"Nanodrops" goufe fir d'éischt op Schwäin getest an dobäi gouf festgestallt, dass hir Hornhaut gefléckt gouf. Doduercher kéinten Tester u Mënschen an d'Zukunft méiglech sinn.
Dem National Eye Institute no, kéinte esouwuel Erwuessener wéi och Kanner vun dëser Léisung profitéieren. Mat dësem neie Konzept gi Problemer lokal op eng laang Dauer bekämpft. Zum Beispill si 5 bis 10% vun den Amerikaner wäitsiichteg. 42% vun den Amerikaner, déi tëscht 12 an 54 Joer al sinn, si kuerzsichteg. Mat den "Nanodrops" kéinten all deene betraffe Leit de Brëll endlech vergiessen.
Dem David Smadja no, een Aendokter, dee beim Projet aktiv matgeschafft huet, kéinten dës Drëpsen och eventuell Multifokal-Lënsen ersetzen. Op dës Manéier kann de Patient sech op Objete konzentréieren, déi méi oder manner wäit sinn.
Gëtt dëse Produit bis un de grousse Public verkaf, da soll och eng App op de Maart kommen, wou all Persoun hir Ae moosse kann. E Laser-Muster gëtt da mam Resultat produzéiert, dee spéider op d'Uewerfläch vun der Hornhaut gestempelt gëtt.
Dësen interessante Projet léisst also hoffen, och wann en nach an der éischter Testphas ass. An de Spideeler mussen nach déi néideg Analyse gemaach ginn, fir erauszefannen, bei wéi enger Frequenz dës Drëpsen agesat musse ginn, fir op e Resultat ze kommen, a virun Allem op dës Nano-Flëssegkeet net fir de Mënsch schiedlech ass. D'Quantitéit vun der Flëssegkeet am A muss och bestëmmt ginn, fir op e konkreten Impakt ze kommen.