Wann intelligent Auere Liewe retten

© afp
Vill Leit mengen, se wieren iwwerflësseg oder guer net néideg. Déi Aner kënnen net méi ouni liewen... heiansdo kënne se scho praktesch sinn.
Problemer mam Häerz sinn zum Beispill scho vun esou enger intelligenter Auer entdeckt ginn. Etlech Persoune wiere scho vun hire Warnunge gerett ginn.
Déi éischt Geschicht ass Enn Abrëll a Florida geschitt. D'Deanna, 18 Joer al, mécht reegelméisseg Sport an dréit och permanent seng Apple Watch, déi hire Bols live moosst. Eng praktesch Funktioun, virun Allem bei physeschen Aktivitéiten. Op eemol schéckt d'Auer lauter Warnunge wéinst engem ze héije Bols: 190 pro Minutt an engem normale rouegen Zoustand.
D'Mamm kritt direkt Bescheed gesot an déi 2 Frae fueren direkt an d'Klinik, wou d'Dokteren den héije Bols confirméieren, an awer och gläichzäiteg e Problem mat den Nieren detektéieren. Hir Funktioun läit just nach bäi 20%, eng Transplantatioun ass also an deem heite Fall dréngend néideg.
D'Auer huet dem Deanna säi Liewen indirekt gerett. D'Mamm huet allerdéngs e Bréif un Apple geschéckt fir Merci ze soen. Den Tim Cook, de CEO vun der Firma, huet mat engem Message zréckgeschriwwen andeems hie behaapt "dass et hinnen nach méi Loscht gëtt, den Job weiderzemaachen".
Och zu New York huet e jonke Mann missen esou séier wéi méiglech de Wee an dat nooste Spidol fannen, well seng Auer him eng Warnung wéinst anormal héijem Bols geschéckt huet. Direkt duerno war et him schlecht an hien huet aus dem Mond geblutt. E Schwier war bäi him am Gaang opzefueren.
Gesondheetlech Funktioune waren am Zentrum vun der Presentatioun vun der leschter Versioun vun der Apple Watch. Enger onofhängeger Etüd no, erreechen connectéiert Aueren, Apple Watch oder Android, eng Präzisioun vu bis zu 97% am Fall vun Anomalien vum Häerz oder vum Bluttdrock.