Instagram wëll, dass mir manner Zäit op... Instagram verbréngen

© public domain
Nodeems e groussen Deel vun der Populatioun net méi ouni Handy liewe kann, wëll Silicon Valley eis elo vum Smartphone ewechhalen.
Mëttlerweil kann den exzessive Gebrauch vun engem soziale Reseau wéi Instagram als Sucht bezeechent ginn. Kee gudden Image fir d'Firmen, déi dës Netzwierker bedreiwen, also gouf et héich Zäit, fir konkret Aktiounen dogéint ze ënnerhuelen.
Geschwënn gëtt et also op Instagram e Compteur, deen uweist wéi laang, dass ee User op der App aktiv ass. Et ass nach net sécher, ob et déi Gesamt-Zäit zanter der Umeldung um Reseau ass, oder wéi laang een deen Dag connectéiert ass. Déi spezialiséiert Säit TechCrunch huet dës Noriicht publizéiert. Eng Funktioun, déi nach net offiziell ugekënnegt, an awer huet den CEO vun Instagram dës Informatioun bestätegt.
Eng Zäitche laang gouf alles ënnerholl, fir d'Leit esou laang wéi méiglech online ze halen. Mëttlerweil weess een, dass esou een intensive Gebrauch vun den neien Technologien net gesond ass. Dofir ginn elo konkret Géigemesuren entwéckelt. E gesonden Mënscheverstand geet anscheinend net méi duer an d'Silicon Valley huet dat ganz gutt verstanen.
Op d'Gesondheet vun de Leit opzepassen, schéngt elo den neien Trend ze sinn : Android wëll eis hëllefen, eist virtuellt Liewen ënner Kontroll ze halen a Google huet wëlles, etlech "digital Wellness" Funktiounen anzebauen. Mëttlerweil ginn et schonn e puer Systemer, déi onwichteg Appen fir eng Zäitche blockéieren, fir dass ee sech, zum Beispill, op seng Aarbecht konzentréiere kann.