7 Milliounen Euro fir Employéë vun Delivery Hero

© afp
De Berliner Liwwer-Service verkeeft säi Geschäft an Däitschland fir bal eng Milliard Euro, 7 Millioune si fir d'Mataarbechter.
Lescht Woch hunn déi däitsch Firma Delivery Hero a hiren hollännesche Konkurrent Takeaway ugekënnegt, dass d'Hollänner de ganzen däitsche Marché mat de Marken Lieferheld, Foodora a Pizza fir 930 Milliounen Euro iwwerhuelen.
An engem Telefonsgespréich mat Journalisten huet de CEO vun Delivery Hero erkläert, dass 7 Milliounen Euro aus dem Deal erausgeholl an integral un d'Employéeën an Däitschland ausbezuelt ginn. An eisem Nopeschland sinn ongeféier 500 Leit do agestallt, ouni déi ronn 2.000 Fuerer ze vergiessen. De Bonus gëllt fir all déi Employéeën, déi bis zum Schluss am Betrib bleiwen, souwéi fir all déi Fuerer, déi aktiv sinn, esou de Pressespriecher Bodo von Braunmühl op Nofro vun däitsche Medien. De Chrëschtkaddo gëtt ënner de Leit net gläich opgedeelt, déi Employéeën, déi méi oder méi laang an der Firma geschafft hunn, kréien deementspriechend méi iwwerwisen.
Virun 3 Joer gouf et eng ähnlech Geschicht an der Tierkei, wéi de lokale Service Yemeksepeti vun Delivery Hero fir 589 Milliounen Dollar opkaf gouf. Déi 114 Mataarbechter kruten alleguer een Deel vun de Suen, déi d'Firma fir de Verkaf krut. Den CEO Nevzat Aydin hat deemools betount, dass et keng Obligatioun oder Versprieche gouf, déi Suen u seng Employéeën ze iwwerweisen, an awer gouf et pro Persoun méi wéi 200.000 Dollar. Si hunn dat gemaach, well se als Ekipp de Succès gefeiert hunn.
Eng schéin Chrëschtgeschicht an der Business-Welt.