Der Presseagence Reuters no, plënnert een Deel vun der Produktioun an Indien, et ass och net déi éischte Kéier, dass Apple do schafft.

No den 6s an SE Modeller wëll déi amerikanesch Mark och elo d'X-Serie vum iPhone an Indien produzéieren. Direkt am Ufank vum nächste Joer soll et an der Foxconn-Fabrik zu Sriperumbudur an Indien lassgoen. Lues awer sécher wëll Apple sech vu senger chinesescher Ofhängegkeet lassrappen.

E puer Dausend Smartphone goufe scho vun der taiwanescher Mark Wistron an Indien gebaut, well den nationale Marché ganz strikt Reegelen huet wat d'Origine vun de Wueren ubelaangt. Mat Hëllef vu sengem taiwanesche Partner an Indien gesäit Apple een duebelen Avantage an deem Land seng Handye bauen ze loossen: méi an Indien verkafen ze kënnen a Risiken ze limitéieren am Fall vun engem kommerzielle Krich tëscht China an den USA.

Den Tim Cook, CEO vun Apple an den Donald Trump si sech an deem Sujet guer net eens a streiden dacks an der Ëffentlechkeet driwwer. Den amerikanesche President wënscht sech, dass d'Zesummebauen vum iPhone op amerikaneschem Buedem géif geschéien.

Hautdesdaags produzéiert d'Foxconn-Fabrik an der indescher Stad scho Smartphone fir déi chinesesch Mark Xiaomi, Nummer 1 am Land. Fir Apple muss Foxconn 25 Milliarden Rupien an Indien investéieren, ëmgerechent sinn et ronn 312 Milliounen Euro. Eng gutt Noriicht also fir déi indesch Wirtschaft, well hei 25.000 Aarbechtsplazen duerch dës zukünfteg Decisioun entstoe kéinten.

An engem Interview mat der Economic Times huet den indeschen Industrieminister bestätegt, dass Diskussioune mat Apple nach ëmmer am Gaang wieren. Déi lokal Regierung verlaangt fir d'éischt vun den Amerikaner, dass se offiziell Büroen am Land opmaachen, ier se gréng Luucht fir d'Produktioun kréien.

Et freet ee sech elo wéi eng Modeller vum iPhone hei kéinte gebaut ginn. Verschidde Rumeuren schwätzen vun enger neier Produktioun vum iPhone X fir d'Venten nees ze stäerken. Indien wier, an dëser Perspektiv, den ideale Marché.