D'Mariah Carey brécht e Rekord op Spotify
Et ass u sech keng Iwwerraschung, an awer: den Titel vun der Diva war op Hellegowend extrem populär an huet alt nees e neie Rekord gebrach.
De weltwäite Succès vum Mariah Carey "All I Want For Christmas Is You" ass ronn 11 Millioune Mol op Spotify gelauschtert ginn, an dat eleng wärend dem 24. Dezember. Et ass also e neie Rekord fir dat Lidd, dat well et am meeschte wärend 24 Stonne gelauschtert gouf.

© afp
Den Titel deen 1994 erauskoum, war ganz am Ufank kee Risesuccès. Eréischt mat der Hëllef vum Film "Love Actually" am Joer 2003 gouf et zum weltwäite Phänomen. D'Lidd ass mëttlerweil déi eeleft meescht verkaafte Single op der Welt an der Geschicht vun der Musek.
Mat dëser Nummer gehéiert d'Mariah Carey obligatoresch op all Chrëschtdags-Playlist an huet och schonn zwee speziell "Christmas"-Albumen erausbruecht. Eng Chrëscht-Tournée gëtt et och mëttlerweil all Joer, fir hir Fans mat de gréissten Hits ze beglécken.
Déi 48 Joer al Sängerin ass iwwregens och déi weiblech Kënschtlerin, déi an den 90er am meeschten Albume verkaf huet. Si ass iwwregens nach ëmmer fir een anere Rekord responsabel an zwar déi Single, déi am längsten op der éischter Plaz vun den Charts bliwwen ass. Dat war den Titel "One Sweet Day" mat de Boys II Men aus dem Joer 1995.