De "Kiwibot" bréngt normalerweis de Leit Iessen a Gedrénks an der Géigend vun der Universitéit. 1 Roboter sollt seng defekt Batterie awer net iwwerliewen.

An enger Zäit wou autonom Maschinnen, Autoen, Dronen oder Roboteren net ëmmer am alldeegleche Liewen vun de Leit wëllkomm sinn, gëtt et eng léif Geschicht, déi aus der Géigend vun der kalifornescher Universitéit zu Berkeley kënnt.

Hei kann een, zanter méi wéi engem Joer, säin Iessen vun esou enger robotiséierter Maschinn geliwwert kréien. De Kiwibot zirkuléiert am Ëmkrees vum Campus vun der Uni. De 14. Dezember huet ee vun deenen 100 Robotere Feier gefaangen, Fotoen a Videoen si kuerz drop um Internet opgedaucht.

An engem Communiqué, huet d'Firma Kiwi präziséiert, dass de Problem duerch e mënschleche Feeler ausgeléist gouf. D'Batterië musse reegelméisseg ersat ginn, soubal se ze al sinn. De Roboter, deen ugefaangen huet ze brennen, krut eng Batterie déi eng Dysfunktioun hat, wat zu engem ganz seelenen Iwwerhëtzen vun der Batterie gefouert huet. Damp a Feier koumen aus der intelligenter Këscht eraus.

Zum Gléck ass ganz séier eng Persoun mat engem Feierläscher komm, fir d'Situatioun ze berouegen. Hei schéngen déi kleng Roboteren awer bei de Leit beléift ze sinn, well genee op där Plaz wou d'Feier geschitt ass, duerno Blummen a Käerzen néiergeluecht goufen. De Grënner vum Kiwibot no, huet dëse Service méi wéi 10.000 Moolzechten an engem Joer geliwwert.

An den USA ass Kiwi net déi eenzeg Firma déi an autonom Liwwerungen investéiert huet: Domino hat sech 2016 een ähnleche Service ausgeduecht. Aner Prototyppe sinn entweder an der Entwécklung oder am Gaange finanzéiert ze ginn.