De Projet, dee viru 4 Joer presentéiert gouf, gëtt dëst Joer verwierklecht an zu Las Vegas am Kader vum CES virgestallt.

Neie Konzept, 180-Grad-Kéier an der Séil vun der Mark a virun Allem eng Saach wou d'Fans vun Harley Davidson sech nach guer net eens sinn: de Kaméidi.

De Projet LiveWire, oder d'Geschicht vun enger mythescher Mark vu Motorrieder, déi fir hiren haarde Sound bekannt sinn. Harley Davidson huet een 100% elektrescht Motorrad produzéiert, mat engem Kaméidi, dee méi enger Turbinn gläicht, wéi dee vum beschtbekannte Motor. Vill Leit wäerten hei keng Héngerhaut kréien, wa se de Video kucken a lauschteren.

2014 huet den amerikanesche Moto-Constructeur vu Milwaukee de Projet lancéiert, zanterhier hu spezialiséiert Piloten de Modell op der ganzer Welt getest an hir Impressioune geliwwert. Esou konnten d'Ingenieure vun Harley-Davidson d'Informatiounen sammelen, fir aus engem Prototyp eng perfektionéiert Maschinn ze proposéieren.

Hei ginn et am Moment keng Detailer vun der aktueller Autonomie, viru 5 Joer waren 160 Km mat engem Opluede méiglech, wat héchstwahrscheinlech zanterhier aneschters ass. Hei gëtt et och keng Kupplung, alles geschitt automatesch mat enger Wiel tëscht 7 verschidde Fuer-Modussen, nom Motto "All you have to do is ride".

Vum 8. Januar u kann een den neien elektresche Modell LiveWire um CES zu Las Vegas entdecken, vun deem Moment u kann een och säi Präis gewuer ginn.