Ëmsaz-Prognos erofgesat, Chrëschtgeschäft manner gutt gelaf wéi geduecht

© STR / AFP
Dem US-Gigant no dierft sech den Ëmsaz an deene leschten 3 Méint op 84 Milliarden Dollar belafen, virdrun ass een nach vu bis zu 93 Milliarden ausgaangen.
De Grond fir dës Baisse an der Prognos dierft ouni Zweiwel den Abroch vum iPhone um chinesesche Marché sinn. Wéi de Chef Tim Cook ënnersträicht, hätt Apple de Marché an Asien kloer iwwerschat.
Awer och an anere Länner hätt den neien iPhone net sou ugezunn, wéi sech dat d'Entreprise erhofft hat. Fir Apple ass iwwregens genee déi Saison, also d'Chrëschtzäit, déi Period, an där d'Firma normalerweis deen héchsten Ëmsaz mécht, hei goufen an der Vergaangenheet ëmmer mol nees nei Rekorder wärend deem Zäitraum opgestallt.
Dat Ganzt huet sech dann och op der Bourse bemierkbar gemaach: Nodeems d'Prognos no ënne korrigéiert gouf, sinn d'Apple-Aktien zäitweis ëm 7% an de Keller gerutscht.
Déi wäertvollsten Entreprise op der Welt wäert den 29. Dezember méi ausféierlech Zuele publizéieren.