Den USB-IF huet viru Kuerzem een Authentifizéierungsprogramm publizéiert fir Laptop, Smartphone oder Tablett virun engem schlechte Chargeur ze beschützen.

Den USB Type-C ass praktesch, ka lauter Saache maachen wéi Donnéeën iwwerdroen, Videoe streamen oder och nach Stroum liwweren a kann awer och fir verschidde Maschinnen déidlech sinn. Wann een zum Beispill een Apparat mat engem Kabel oder mat engem inadequate Chargeur opluede wëll.

Den USB Implementers Forum (USB-IF), deen all d'USB-Standarden geréiert, huet dofir eng Nott erausginn mat Spezifikatiounen fir een Authentifizéierungsprogramm vu Kabel, System a Chargeur vun der USB Type-C-Norm. De System gesäit e standardiséierte Protokoll mat enger 128Bits Codéierung vir. Certificaten an de Protokoll goufen un Digicert, eng privat amerikanesch Firma, déi fir Zertifikatiounen zoustänneg ass.

Virun 2 Joer hat den USB 3.0 Promoter Group (mat Firmen wéi HP, Intel, Microsoft, Renesas Electronics, STMicroelectronics an Texas Instruments) eng ähnlech Aktioun lancéiert, ouni richteg konkret Resultater ze erreechen. Esou eng Authentifizéierung erhéicht d'Sécherheet fir de User, mä mécht d'Aarbecht vun de Constructeuren méi schwéier. Esou kéinten zum Beispill e Smartphone oder e Laptop refuséieren, sech mat engem USB-Kabel unzeschléissen, well deen net authentifizéiert ass.

Hei schwätze schonn Experte vun enger Erhéijung vu Produktiounskäschten. Alles hänkt dovunner of, ob een einfachen Update duer geet, oder ob hei nei Elementer mussen agebaut ginn.

De System ass net obligatoresch an esou ass et schwéier erauszefannen, ob déi grouss Marken dës Iddi wäerte verfollegen. Bis elo huet kee Constructeur matgedeelt, ob de Programm vum USB-IF ugeholl gëtt, oder net.