Den amerikanesche President wëll den ekonomesche Krich tëscht den USA a China op een Enn bréngen, obwuel hien dat Ganzt lancéiert huet.

E Freideg huet den Donald Trump der Press verséchert, dass een Handelsaccord mat China guer keng onméiglech Missioun wier. Esou kéint de kommerzielle Krich tëscht den zwou Natiounen endlech ophalen.

"Ech mengen mir kënne mat China verhandelen an och een Accord fannen", esou den amerikanesche President de 4. Januar wärend engem Rendezvous mat Journalisten. E Méindeg fänken d'Negociatiounen zu Peking un, mat um Verhandlungsdësch sëtzen héich Fonctionnaire vu béide Länner.

Donald Trump huet de selwechten Dag och Apple opgefuerdert, hir Produiten nees an den USA bauen ze loossen amplaz a China, nodeems déi amerikanesch Firma gemellt hat, dass hir Zuele méi schlecht ausgefall si wéi erwaart. An deem Kader gëtt och déi chinesesch Wirtschaft beschëllegt, well se am Moment méi lues leeft.

"Apple produzéiert all hir Produiten a China. Ech hunn dem Tim Cook (CEO vun Apple), e Kolleg vu mir, gesot si sollen all hir Produiten an Amerika baue loossen", esou den amerikanesche President wärend enger Pressekonferenz e Freideg.

Apple huet dës Woch confirméiert, dass den Ëmsaz vill méi déif war wéi erwaart an dass manner iPhonen duerch déi chinesesch Ekonomie verkaf goufen, awer och duerch de kommerzielle Krich, deen am Moment nach ëmmer tëscht China an den USA leeft. Dee Krich gouf selwer vum Donald Trump ausgeléist, elo probéiert hien anscheinend déi Situatioun ze verbesseren.

Et ass nach zimlech onkloer wat den Technologie-Ris elo wëlles huet. Kuerz virum Schluss vum Joer koum d'Nouvelle, dass duerch dës onglécklech Situatioun, Apple tatsächlech China wéilt verloossen, allerdéngs fir hir Produiten an Indien bauen ze loossen.