Huawei-Employéeën no Tweet mat iPhone sanktionnéiert

© afp
De Respekt vun der Mark gëtt bäi de Chinesen ganz eescht geholl, hei gi Witzer oder Ausrutscher net toleréiert.
Den Image vun der Firma schéngt bäi Huawei extrem wichteg ze sinn, lescht Beispill: een "Happy New Year"-Tweet dee vun engem iPhone aus verschéckt gouf.

Den 31. Dezember huet den Twitter-Kont vun der chinesescher Mark all sengen 500.000 Abonnéierten e schéint neit Joer gewëscht. De Problem war hei dass d'Publikatioun vun engem iPhone verschéckt gouf. Dat gesäit een ënnen um Post.
Dat hunn d'Responsabelen vum Smartphone-Produzent vu Shenzhen absolut net verdroen, virun Allem zanterdeem dass en säin amerikanesche Konkurrent iwwerholl huet an esou den 2. gréissten Handyverkeefer vun der Welt gouf.
Enger Noriicht vu Reuters no, goufen déi Persounen bestrooft, déi fir de Feeler verantwortlech waren. Zwee Employéeën sinn an hirer Hierarchie zréckgestuuft ginn a kréien vun elo un 5000 Renminbi (ronn 638 Euro) manner pro Mount.
De Feeler koum vu Sapient, enger Agence fir d'Gestioun vu soziale Netzwierker bäi där Huawei Client ass. Et gouf e VPN-Problem beim Verschécken vun de Wënsch an de Responsabel huet schlussendlech een iPhone mat enger SIM-Kaart aus dem Ausland benotzt fir de Message ze publizéieren. Twitter ass a China verbueden also mussen d'Useren eng aner Léisung benotzen, wéi een virtuellen private Reseau (VPN) fir un de Service ze kommen.
Et gëtt also eng ganz kloer Erklärung fir de Feeler, an awer ass déi méi haart Strof egal wéi gefall. Zanterhier gouf den Tweet geläscht a mat engem aneren ersat, e puer Stonne méi spéit.