De Rekord vum meescht-gedeelten Tweet vun allen Zäiten ass gebrach

© panasonic
De japanesche Milliardär an zukünftegen Weltall-Tourist Yusaku Maezawa huet e Samschdeg e Message op Twitter publizéiert, deen 8.000 Euro versprécht.
Eng Millioun Yen, dat ass d'Zomm déi Verschiddener vun sengen Abonnéierten kënne gewannen. 100 vun senge Followers, déi duerch Zoufall gezu ginn, kënnen déi Sue gewannen, awer nëmme wa se de Message weidergedeelt hunn. Esou ass et natierlech ganz séier gaangen, fir eng weltwäit Opmierksamkeet ze kréien.
Bis e Méinden den Owend sollt dat Ganzt geschitt sinn, am Laf vum Nomëtte waren et scho méi wéi 5,55 Milliounen Retweets an esou konnt sech déi Noriicht op déi éischte Plaz vun den meescht-gedeelten Tweets klasséieren. De Milliardär huet dat esouguer selwer op sengem Account ugekënnegt: "Neie Weltrekord gebrach, ech hunn den aktuelle Rekord (vun 3,55 Milliounen) iwwerholl an d'Leit retweete mech weider" esou den Yusaku Maezawa.
De leschte Rekord goung 2017 un een amerikanesche Teenager, dee probéiert hat, e gratis Joer un Chicken-Nuggets bäi der Restaurantschaîne "Wendy's" ze gewannen.
Am Oktober zejoert hat de japaneschen Entrepreneur annoncéiert, een Ticket kaf ze hunn, fir 2023 mat enger SpaceX-Rakéit fléien ze kënnen. Weder hien, nach den Elon Musk, CEO vu SpaceX, hate vum Präis geschwat. A 4 Joer geet et dann mat der BFR-Rakéit a Richtung Weltall, mat verschiddene Kënschtler, déi hien selwer erausgesicht huet. D'Rakéit gëtt am Moment zu Los Angeles gebaut.
De Yusaku Maezawa, ass mat engem geschate Räichtum vun 2 Milliarden Dollar op der 18. Positioun vun de räichste Leit a Japan, esou Forbes. Hien huet d'Konzept "Zozotown" lancéiert, also eng ganz Rei Kleederbutteker a senger Heemecht.