Den Online-Händler Amazon ass fir d'éischte Kéier a senger Geschicht den héchst kotéiertste Betrib op der Welt.

D'Aktie vum amerikanesche Konzern ass e Méindeg ëm 3,44% geklommen. De Wäert un der Bourse ass domat op 797 Milliarden Dollar an d'Luucht gaangen. Amazon huet domat de Spëtzereider bis elo, Microsoft, ofgeléist.

Den amerikaneschen Softwarekonzern hat den Titel vum héchst-kotéiertste Betrib eréischt Enn November vun Apple iwwerholl. Den Technologiekonzern Apple kënnt am aktuelle Ranking nach just op déi véiert Plaz.

1) Amazon - 797 Milliarden Dollar
2) Microsoft - 783 Milliarden Dollar
3) Alphabet/Google - 748 Milliarden Dollar
4) Apple - 702 Milliarden Dollar