Zu Las Vegas gëtt Brout vu Robotere gebak

© Wilkinson Baking Company
Ginn och Beruffer wéi Bäcker eng Kéier duerch Maschinnen ersat? De "BreadBot" ka bis zu 200 Portioune produzéieren ... och déi beschtbekannte Baguette!
D'Maschinn, déi esou grouss ass wéi en Auto, kann alles eleng maachen. Total autonom mëscht de Roboter d'Ingredienten zesummen, kniet den Deeg a ka bis zu 235 Stécker Brout baken. Dat ass ronn eng Dose Brout pro Stonn, esou d'Firma Wilkinson Baking Company, déi hiren Automat am Kader vun der "Consumer Electronics Show" (CES) op Las Vegas weise komm ass.
En Dënschdeg ass dës international Technologie-Expo offiziell opgaangen a presentéiert déi neisten Entwécklungen am Beräich vun der Hightech, vun der Technik an vun den autonomen Technologien.
Bis op Weideres soll de lokale Bäcker keng Angscht hunn, de "BreadBot" ass virun allem fir Supermarchéë geduecht, déi frëscht Brout ubidden a gläichzäiteg beim Transport spuere wëllen, esou de Chef vun der amerikanescher Firma, de Randall Wilkinson.
"D'Clientë wëllen, dass d'Brout, dat se kafen, esou frësch wéi méiglech ass, an awer wëssen se net onbedéngt, wéini dat gebak gouf", esou de Wilkinson, deen och verséchert huet, dass seng Maschinn méi frëscht Brout proposéiert wéi an deene meeschten Butteker an Amerika.

© afp
Gespréicher mat grousse Chaînë si schonn am Gaangen, d'Firma hofft och, geschwë Roboteren un déi amerikanesch Arméi liwweren ze kënnen, fir zum Beispill op grousse Schëffer Bréidercher ze baken.
Et ass wichteg ze wëssen, dass d'Maschinn no mënschlecher Hëllef rifft, wann e Problem opdaucht an dass si sech och selwer botze kann.
Am Moment kann de "BreadBot" Brout vun enger normaler Gréisst a Form produzéieren, allerdéngs erkläert de motivéierte Chef, dass seng Maschinn all Zort vu Brout an Zukunft bake wäert, dorënner och eng mythesch franséisch Baguette ...