Bal 15,7 Milliounen Dollar, ëmgerechent knapp 14 Milliounen Euro, huet de Mann verdéngt. Eleng de Bonus mécht 12 Milliounen Dollar aus.

Seng Pai war domatter 22% méi héich wéi nach 2017.

Apple argumentéiert déi méi héich Pai mat de gudden Zuelen, déi de Konzern Opweises huet. Et gouf en Ëmsaz vun iwwer 265 Milliarden Dollar.

Eréischt virun enger Woch hat Apple awer eng Warnung eraus ginn, datt ee rezent manner ëmgesat huet, wéinst Problemer um chinesesche Marché. D'Aktie huet doropshin zolidd verluer.

Apple huet um Mëttwoch och annoncéiert, datt 10% manner iPhone produzéiert solle ginn, well ebe manner verkaf gëtt.