Virun allem eeler a konservativ Facebook-User deele méi dacks Falschmeldungen an de sozialen Netzwierker wéi anerer.

Dat geet aus enger Etüd vun den Universitéiten Princeton an New York ervir. User am Alter vu 65 Joer oder méi deele bal siwe Mol méi dacks Artikele vu falsche Meldungen wéi Jonker tëscht 18 an 29 Joer.

Fir dës Etüd haten hir Auteuren d'Facebook-Noriichte vu bal 1.200 Leit an den USA iwwerpréift. Si hunn d'Resultat ënnert anerem mat engem Manktem un digitaler Mediekompetenz vun eelere Leit begrënnt. Dass donieft méi Republikaner wéi Demokrate Falschmeldungen verbreet hunn, kéint domat ze dinn hunn, dass wärend dem Walkampf fir d'Presidentiellen am Joer 2016, déi meescht sougenannt Fake News positiv iwwert den Donald Trump bericht hunn. Wiere méi Falschmeldungen pro-Clinton amplaz pro-Trump gewiescht, hätte méiglecherweis méi Liberaler wéi Konservativer dës Contenuen verbreet, sou nach d'Auteure vun der Etüd an der Washington Post.