Déi "presuméiert Aktiounen" vum Wang Weijing hunn näischt mat der Firma ze dinn, esou de chineseschen Smartphone-Ris an engem Communiqué.

Esou wéi et am Kontrakt vun der Persoun steet, gouf dës Decisioun geholl, well de Virfall "dem Image vun Huawei geschuet huet". Déi chinesesch Firma respektéiert all d'Gesetzer an d'Reglementatiounen vun de Länner wou se schaffen, esou de Communiqué. Si verlaange vun hiren Employéeën, dass se dat Nämmlecht maachen.

De Smartphone-Produzent ass iwwregens schonn an enger anerer juristescher Affär verwéckelt, déi ganz vill Drock tëscht Washington a Peking ausgeléist huet. Eng Fra, déi eng héich Positioun bei Huawei hat, gouf den 1. Dezember op Nofro vun den USA a Kanada festgeholl. D'Duechter vum Grënner vun der Firma, gëtt vun den USA verdächtegt, bäi enger Fraude gehollef ze hunn, fir d'Sanktiounen géint den Iran ëmzegoen. D'USA verlaangen hir Extraditioun.

Zanterhier sinn 13 Kanadier a China festgeholl ginn, 8 dovunner koumen nees fräi, esou de kanadeschen Ausseministère.

Huawei kritt vu Länner wéi Australien, den USA oder Japan reprochéiert, spionéieren ze wëllen a krut vun hinnen verbueden, fir an deene Länner ultra-séiere 5G-Reseauen opzebauen. Dat obwuel déi chinesesch Firma an Europa mat verschiddenen Operateuren Kontrakter fir 5G ënnerschriwwen huet.

Den Employé deen a Pole festgeholl gouf, ass direkt vun Huawei entlooss ginn. De polneschen Autoritéiten no, huet hien mat engem Kolleg fir de chinesesche Geheimdéngscht géint Pole geschafft". Déi aner Persoun hat fir déi franséisch Telekommunikatiounsfirma Orange geschafft.