Amazon kritt virgehäit, d'lescht Joer 3 Millioune Produiten zerstéiert ze hunn

© afp
Eng Problematik, déi tëscht de Produite läit, déi net verkaf ginn an d'Käschten, déi d'Vendeuren mussen iwwerhuelen, fir déi ze stockéieren.
Leschte Sonndeg gouf op M6 d'Sendung Capital gewisen, déi probéiert huet, dës Situatioun ze erklären. Eng massiv Zerstéierung vun Objeten, déi meeschtens fonkelnei sinn, duerch Amazon?
Am franséischen Chalon-sur-Saône huet den amerikaneschen e-Commerce-Ris eng Hal, wou Produite stockéiert ginn a wou, der Sendung no, lescht Joer ronn 300.000 nei Produiten zerstéiert goufen. Dës Zuel kéint a ganz Frankräich, wou Amazon 5 esou Sitten huet, iwwer 3 Millioune klammen, esou Gewerkschaftler vun der CGT, déi an dëser Enquête zitéiert ginn.
E Member vu Capital ass bäi Amazon schaffe gaangen, fir diskret mat enger verstoppter Kamera d'Situatioun festhalen ze kënnen. Déi Vendeuren, déi iwwer d'Plattform vun Amazon fueren, fir hir Produiten ze verkafen, mussen de Stockage bezuelen. Dat fänkt bäi 26 Euro fir ee Kubikmeter un, no 6 Méint klëmmt de Präis op 500 Euro a schlussendlech op 1.000 Euro no engem Joer. Fir esou Zommen net bezuelen ze mussen, wann hir Produiten net verkaf ginn, ginn d'Produkter op Wonsch vun de Vendeuren duerch Amazon ganz einfach zerstéiert.
Um offizielle Site vun der amerikanescher Firma steet dës Optioun ganz kloer zur Verfügung vun den onofhängegen Händler, déi meeschtens e limitéierte Budget hunn.
Op Nofro vun der Zeitung Capital huet Amazon verséchert, dass se mat Organisatiounen an Associatioune schaffen, fir déi Objeten a Saachen un aarm Leit ze verschenken. Dozou wollt de Grupp awer präziséieren, dass et "finanziell net méiglech ass, esou vill ze verschenken, wéinst dem franséische Gesetz iwwer d'Applikatioun vun der TVA op Produiten, déi als Don weidergereecht ginn".
Een Auteur vum Documentaire mengt sengersäits, dass Amazon hei kloer d'Iwwerproduktioun ënnerstëtzt, well hire System op eng iwwerdimensional Offer baséiert.