Op den digitalen Zuch opsprangen
Virun engem Joer gouf annoncéiert, datt d’Regierung an e Super-Computer investéiert.
Dëse Supercomputer soll dann dono och un en europäesche Reseau vun esou Rechner ugeschloss ginn. De Lëtzebuerger Superrechner soll ronn 30 Milliounen Euro kaschten, Enn 2020 soll en a Betrib geholl ginn. Lëtzebuerg soll een digitale Standuert ginn an de leschte Joer gouf dofir massiv an Infrastrukturen investéiert. Datazentren, e Glasfaser-Reseau an elo bis Enn 2020 soll ee Supercomputer disponibel sinn. Finanzéiert gëtt dat ganzt vum Staat an zu engem Drëttel vun der europäescher Kommissioun.
Grouss international Technologie-Entreprisen géifen den Ament mat Lëtzebuerg zesummeschaffen. D’Iddi ass et iwwer de Glasfaser-Reseau am ganze Land d’Méiglechkeet ze kréien, op de séiere Computer zréckzegräifen. Quasi de Supercomputer fir jiddereen aus der Steckdous.
Wann ee sech ukuckt, wéi d’Digitaliséierung an de leschte puer Joer eis Welt verännert huet. Geet d’Entwécklung esou weider, wéi bis elo, wäert sech a noer Zukunft den digitale Marché weiderentwéckelen an ekonomesch eng ëmmer méi grouss Roll spillen.