Déi zwee sozial Netzwierker sinn allebéid mat 73% déi grouss Gewënner, dogéint hunn 17% vun den 16-25 Joer Facebook lescht Joer verlooss.

Déi digital Gewunnechte vun de Jonker wiessele permanent an all Joer kréie se nei Méiglechkeeten, fir sech um Web auszedrécken, sief et mat Foto, Text, Video, Gesang, Challengen oder och nach Live-Iwwerdroungen.

Enger rezenter Etüd vun Diplomeo no, déi Ufank Dezember 2018 gefouert gouf, deelt mëttlerweil Instagram déi éischt Positioun mat Snapchat. 73% vun de Jonker, déi tëscht 16-25 Joer al sinn, benotzen entweder déi zwou Applikatiounen oder op d'mannst eng vun deenen.

Op der anerer Säit vum Podium fënnt ee Facebook. De Reseau, deen nach ëmmer am Meeschten Useren op der Welt huet, verléiert ëmmer méi Leit, entweder well se sech ausgeschriwwen hunn, oder well se d'App um Smartphone geläscht hunn. Bei de Jonker tëscht 16 an 18 Joer ass de Constat zimlech kloer: d'Halschent benotzt iwwerhaapt net Facebook. Bäi den 19-25 si se 27%.

2017 waren am Kader vun der gläicher Etüd nach 93% vun de Jonker nach um gréisste soziale Reseau ageschriwwen. Schold un dësen Ausstig si Skandaler wéi d'Affär vun Cambridge Analytica, d'fake News-Verbreedung oder och nach Appen, déi op der Plattform all déi privat Informatiounen vun de Leit gesinn a liese kënnen. Zanter 2017 huet d'Sécherheet vu Facebook ganz vill gelidden.

2018 hunn esou 17% vun de Jonker déi App geläscht. 22% bei den 16-18 an 15% bei den 19-25.

Twitter bleift konstant bei den 16-25, een Drëttel vun hinnen benotzen d'Plattform, déi fir direkt offiziell Aussoen beléift ass, well d'Informatioun dacks vun de concernéierte Leit oder Autoritéite kënnt. Pinterest ass mat 18% déi méi kreativ App an Linkedin, déi méi professionell Plattform mat 22%.

Hei huet den Alter e staarken Afloss op d'Resultater, zum Beispill fënnt een logescherweis eraus, dass nëmmen 3% vun den 16-18 am Besëtz vun engem Linkedin-Kont sinn. Dës Zuel klëmmt op 36% bei den 22-25, wa se bis meeschtens ufänken, een aktiivt Liewen ze féieren. Bei Pinterest klëmmt den Interessi vun den Useren och mam Alter, d'Popularitéit vun Twitter dogéint geet mam Alter erof.

Eng Ëmfro, déi tëscht dem 28. November an dem 9. Dezember op SurveyMonkey realiséiert gouf, bei 1.454 Jonker, déi tëscht 16 an 25 Joer al sinn.